Fokus zu Suessem reagéiert
Onbekannter beschmiere Walplakater mat rassisteschen Äusserungen

© Fokus Suessem
E Samschdeg gouf d'Partei drop opmierksam gemaach, dass Affichen zu Bieles beschmiert goufen.
Onbekannter hu Walplakater mat rassisteschen Äusserunge beschmiert. D'Partei Fokus verurteelt dëst Verhalen an engem Communiqué "op dat Schäerfst" a wäert et eegenen Aussoen no net dobäi beloossen. E Méindeg wäert d'Partei vu Suessem ëm de Frank Engel eng Plainte bei der Police deposéieren.
De Fokus géif "fir eng oppen a fair Gesellschaft" stoen, "an der jiddereen seng Platz gläichberechtegt niewent deem aneren soll fannen". Rassismus hätt keng Plaz an eiser Gesellschaft.
Am meeschte gelies