CGDIS
5 Blesséierter bei 4 Accidenter um Méindeg de Moien

Nieft zwee Accidenter mat Motorrieder gouf et och nach zwou Kollisiounen, an déi Autoe verwéckelt waren.
Kuerz virun 7.30 Auer ass tëscht Elleng a Fëlschdref a Motocyclist mat senger Maschinn gefall a gouf blesséiert.
Géint 7.45 Auer sinn zu Rodange an der Avenue de l'Europe e Camion an en Auto net laanschtenee komm. Och hei gouf eng Persoun verwonnt.
Quasi ëm déi selwecht Zäit huet et an der Rue Jos Kieffer zu Esch tëscht zwee Autoe gerabbelt. Hei goufen zwou Persoune blesséiert.
Géint 8.20 Auer sinn op der Diddelenger A3 tëscht Beetebuerg a Léiweng a Moto an an Auto anenee gerannt. Eng Persoun gouf blesséiert. Deen Accident hat nawell fir Stau am Moiestrafic gesuergt.
Am meeschte gelies