Si gouf fir d'lescht e Sonndeg den Owend op engem Vëloswee zu Hueschtert bei Nidderaanwen gesinn.

D'Méiglechkeet besteet, dass si mam Bus oder Zuch an d'Stad gefuer ass.

D'Fra ass tëscht 1m60 an 1m70 grouss, schlank, vu wäisser Hautfaarf an huet kuerz gro Hoer. Si schwätzt lëtzebuergesch, franséisch, däitsch an englesch. Eng aktuell Foto huet d'Police momentan nach net.

Wee weess, wou d'Fra sech kéint ophalen, soll sech w.e.g. bei der Police mellen, via Telefon um (+352) 244 70 1000 oder via E-Mail (Police.MUSELDALL@police.etat.lu).