Déi nächst Deeg stelle mir vu méindes bis mëttwochs ëmmer de jéngste Kandidat vun de Parteie vir.

Mir fänken u mam Danielle Filbig vun der LSAP.

Zanter Ufank des Joers engagéiert si sech politesch a war am Juni mat an de Gemengewalen, an deene si och an hirer Heemecht Rammerech gewielt gouf. Si setzt sech elo am Norde fir d'LSAP op. D'Lea Schwartz huet si um Stauséi getraff, op deem si vill Zäit verbréngt.

Numm: Danielle FILBIG

Alter: 25 Joer

Partei: LSAP

Gemeng: Rammerech

Bezierk: Norden

Beruff: Grad fäerdeg mam Studium (Bachelor an der Science Politique, Master an Relations Internationales)

Politesch Funktiounen: Gemengeconseillère

Hobbyen: Stand-up Paddle, Kayak, Basket, Crossfit a lafen

"Ech maache Politik, well ech wëll gäre matdiskutéieren, wat ronderëm mech geschitt."


Nationalwalen - D'Kandidaten an der Iwwersiicht