Wéi eng Defie brénge Klimawandel a Landwirtschaft mat sech

© RTL
Am Kader vun eiser Themewoch en Vue vun de Chamberwalen, war d'Michèle Sinner op de Bauerenhaff, fir iwwert dës Defien ze schwätzen.
Et stëbst a rabbelt nawell um Gromperefeld, wou d'Famill Buerg am gaangen ass, Setzgrompere fir Genossenschaft vun Eselbour erauszehuelen. Et war e bëssen ze dréchen dëst Joer, mat 22 Tonnen den Hektar, erkläert de Paul Bourg, dowéinst läit den Ertrag fënnef bis sechs Tonnen ënnert der Moyenne.
Op der Maschinn hannert dem Trakter lafen d'Gromperen iwwert d'Fléissband, dräi Leit fuere mat. De Maurice Bourg erkläert: "Mir zortéieren d'Steng a Gromperen, déi al a getéitscht a faul scho sinn, eraus."
D'Grompere sinn eng vun de traditionelle Kulture vum Éislek. Ma d'Majoritéit vun de Bauerebetriber zu Lëtzebuerg hale Béischten, entweder fir d'Mëllech oder d'Fleeschproduktioun, fir déi si och Fudder produzéieren. Am fréien Nomëtte kënnt de Mëllechcamion zu Stackem op Haff vun der jonker Bauerefra Marthe Bourg, Presidentin vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren, LLJ – mam Grompereproduzent Paul Bourg ass si net Famill. Den Hond Kira passt do net net just op d'Kéi op, mee och op déi Friem, déi sech an de Betrib trauen.
De Klimawandel suergt fir ëmmer méi extrem Wiedersituatiounen, déi d'Baueren zwéngen, iwwert hir Kulturen nozedenken, wéi d'Marthe Bourg seet: "Mat deene Wiederextremer si nei Zorten an d'Zuucht vun de Kären a Mais a vun all de Kulturen op jidder Fall en Thema, well ee jo wëll déi verschidde Wiederextremer iwwerbrécken, an do ass d'Zuucht op jidder Fall e grousst Thema, fir dat kënnen ze maachen. Well een zum Beispill op méi waassereffizient Kulture kann ziichten."
Fir de Klimawandel ze bremsen, hunn sech d'EU-Länner CO2-Reduktiounsziiler gesat. Fir déi z'erreechen, solle beispillsweis an Irland 200 000 Kéi geschluecht ginn.
Och dat neit Lëtzebuerger Agrargesetz bremst d'Entwécklung vum Véibestand, erkläert de Charel Ferring, President vun der LLJ, mee zu Lëtzebuerg wier deen an der Vergaangenheet och net esou staark gewuess, wéi an anere Länner: "Mir brauche vläicht net grad esou fest un der Handbrems ze zéien, mee et mierkt een awer als Bauer, datt do awer gebremst gëtt. Ganz ouni geet et net. Mee ech muss awer soen, am Verglach zu anere Länner leie mir, wat den CO2-Foussofdrock an der Liewensmëttelproduktioun a virun allem an der Véiproduktioun ugeet, relativ gutt, sou datt mer eis awer och do kënnen op d'Schëller klappen a soen, mir maachen net ëmmer alles falsch."
Der Marthe Bourg feelt awer e bëssen de roude Fuedem an der Agrarpolitik: "Mir kënnen net op däer enger Säit soen, ee Secteur däerf elo net méi wuessen a gëtt elo gedeckelt, mee op der aner Säi hu mer keng Alternativen."
Lëtzebuerg deckt seng Demande un Uebst a Geméis bei Wäitem net, dofir ginn dës oft als alternativ Produktioune genannt. Mee Uebst a Geméis muss am dréchene Summer vill genat ginn. Wann et an déi Richtung sollt goen, misst d'Regierung d'Baueren och deementspriechend ënnerstëtzten, sou d'Marthe Bourg, zum Beispill um Waasserpräis, respektiv, mat Strukturen, fir d'Waasser am Wanter opzefänken.
Lëtzebuerg wier awer e "Grénglandstanduert", seet de Charel Ferring. Soll heeschen, et gëtt hei vill Wisen, manner, grouss Acker. Wéilt deen do Liewensmëttel produzéieren, kéim ee net laanscht d'Béischten, déi d'Gras iessen, mengt hien: "D'Déiereproduktioun, a wéi enger Form och ëmmer, muss menger Meenung no e Bestanddeel vun der Landwirtschaft bleiwen, well et ganz wichtegen Deel ass vun der Kreeslafwirtschaft, déi mir an der Landwirtschaft um Lafen ze halen, fir eis Närstoffer an der Landwirtschaft ze halen an ze notzen, fir eng Liewensmëttelproduktioun."
OFSO : De Moment gëtt et dem Landwirtschaftsministère no eng 1800 landwirtschaftlech Betriber zu Lëtzebuerg, queesch duerch all Sparten. Mee all 25 Joer hallwéiert sech d'Zuel vun de Betriber, well kee se wëll weiderféieren.