Déi politesch Beweegung Liberté – Fräiheet hat en Samschden op hiert Scheierfest zu Nidderfeelen gelueden. Politesch Riede stoungen awer keng um Programm.

Eng 100 Leit waren e Samschdeg de Mëtten um Fest, wat awer nach bis an de fréien Owend sollt daueren. Live-Musek, Grill an Amusement fir Kanner. Politik stoung also net am Zentrum. Keng politesch Rieden. Just e puer Banner déi opgehaange waren an de Walprogramm deen auslouch, hunn op en Evenement vun enger politescher Beweegung a Walkampfzäiten higewisen. Gewuer ze gi war, dass d'Fräiheet d'Grondiddi ass, déi d'Beweegung leet. "Wa mer d'Fräiheet net méi hunn, da sinn all déi aner Saachen net méi sou wichteg", erkläert de Liberté-Spëtzekandidat am Zentrum, de Bas Schagen. Natierlech géing et ëm Präisdeierecht, Wunnengsbau an de Gesondheetssystem. Mee virop hät d'Fräiheet, an dat vun Ufank vun der Pandemie un, bis haut, agebéisst.

Eng ganz Partie vun de Kandidate vu Liberté - Fräiheet waren, wéi och de fréieren ADR-Deputéierte Roy Reding, virdru schonn an enger anerer politescher Partei engagéiert. Als Grond fir de Wiessel gesäit de Roy Reding den Eenheetsbräi vun den anere Parteien. Liberté wier do anescht. Vill vun de Kandidate stamen awer och aus der Beweegung géint d'Corona-Mesuren. "Ganz wichteg ass fir mech, dass d'Selbstbestëmmung vum Mënsch bleift. D'Mënscherechter. Dass mer gefrot ginn, wa Gesetzer gestëmmt ginn", seet d'Nord-Spëtzekandidatin Carole Dentzer, déi sech fir Leit mat Long-Covid an Impfschied agesat huet.

Un der aktueller Politik kritiséiert de Spëtzekandidat aus dem Süden, de Giovanni Patri, dass een an der Regierung alles just nach ënner Kolleege géing arrangéieren: "Do gëtt keng Reform gemaach, déi wierklech eppes bréngt fir Lëtzebuerg", sou seng Kritik.

Op politesch Rieden, hätt d'Beweegung da bewosst um Samschdeg verzicht, sou de Roy Reding, ouni weider Explikatiounen. De Programm hätt een an de soziale Medie presentéiert an et géing een en och online fannen. Plakater wäerten nach op e puer Plazen opgehaange ginn, mee et géing een dorop engersäits aus finanzielle Grënn verzichten, anersäits wier awer och dëst e bewosste Choix. Fir den 8. Oktober erwaart ee sech dann eng "fantastesch Walparty, egal wéi et ausgeet". All déi Léit, déi een hätt, wiere "Zen".

Um Fest hu sech dann all d'Kandidaten och a beschter Laun gewisen. Ugangs der Woch war et awer zu engem Sträit tëscht de Kandidaten aus dem Norde komm. De Reproche an engem Facebook-Post vun de Kandidatinne Jessica Schiltz, Jessica Marbes an Angelika Dasbach war, dass si "ausgegrenzt an iwwergaangen" gi wiere vun anere Leit aus der Nord-Ekipp. "Mir si jo all nëmme Mënschen", erkläert d'Carole Dentzer. Et wiere Meenungsverschiddenheete ginn, politesch wier een awer nach op enger Linn.