Grad wéi d'Staatsbeamtegewerkschaft CGFP huet d'Fondation Cancer eng Zort Walpréifsteng un d'Parteie weiderginn.

Fondation Cancer / Reportage Jean-Marc Sturm

Et hunn zwee Sujeten dominéiert: D'Politik bei der Lutte géint den Tubak an den Asaz fir eng besser Liewensqualitéit vun de Patienten. D'Resultater sinn deels ënnerschiddlech jee no Partei.

Unisono sinn all d'Parteien derfir, dass d'Patienten d'Käschte vun de Medikamenter, déi reng fir d'Lutte géint de Kriibs agesat ginn, och integral vun der Gesondheetskeess rembourséiert kréien. Déi Gréng sinn awer der Meenung, dass ee beim Asaz vun anere Medikamenter, déi net direkt eppes mam Kriibs ze dinn hunn, bei deene Patiente méi virsiichteg misst sinn. Virop bei de Schlofmëttel, well do de Risk vun Ofhängegkeet ginn ass. Déi Gréng wëllen an deem Sënn eng präzis Lëscht vun deene Medikamenter, déi d'CNS och effektiv iwwerhëlt.

Eestëmmegkeet tëscht de Parteie gëtt et dann dobäi, dass d'CNS fir d'Käschte vun enger adequater Ernierung wärend dem Kriibs-Traitement opkënnt. Idem bei der Fuerderung, dass Leit, déi Kriibs hunn, direkt vum Ufank vum Krankeschäin un d'Sortie erlaabt kréien an esou weider um soziale Liewe kënnen deelhuelen.

Unanimitéit och bei der Revendicatioun vun der Fondatioun Cancer, dass de progressive Retour vum Kriibspatient an d'Aarbechtswelt net ënnert d'Reegel vu maximal 78 Woche Krankeschäin iwwer zwee Joer fält.

Den zweete Volet viséiert d'Lutte géint den Tubak. Just déi Lénk an déi Gréng ënnerstëtze komplett d'Iddi, d'Tubaksproduiten ëm op d'mannst 10% méi deier ze maachen. Déi Lénk sinn déi eenzeg Partei, déi fuerderen, dass d'Plazen, wou Tubaksproduite verkaaft ginn, limitéiert solle sinn an dass d'Leit och manner Quantitéiten un Tubaksprodukter däerfe kafen.

D'DP setzt op méi Informatioun. D'ADR steet fir limitéiert Publicitéit fir esou Produiten. D'CSV ass fir de Status quo. D'LSAP ass derfir, dass op der Aarbecht just op verschiddene Plazen däerf gefëmmt ginn. Déi Gréng ginn éischter an d'Richtung, den Tubak-Konsum op der Schaff ze verbidden.