Déi nächst Deeg stelle mir vu méindes bis mëttwochs ëmmer de jéngste Kandidat vun de Parteie vir.

An eisem zweete Kuerz a Knapp am Kader vun den Nationalwalen den 8. Oktober léiere mir haut d’Amela Skenderović kennen. 2021 ass et an der DP aktiv ginn a gouf bei de Gemengewalen Drëttgewielt zu Esch op der DP-Lëscht.

D’Englesch Enseignante wëll eppes beweegen a setzt sech virun allem dofir an, datt d’Lëtzebuerger Politik méi representativ gëtt.

Numm: Amela Skenderović

Alter: 28 Joer (um Dag vun de Walen)

Partei: DP

Gemeng: Esch Uelzecht

Bezierk: Süden

Beruff: Englesch Enseignante

Politesch Funktiounen: Presidentin Jonk Demokraten Esch-Schëffleng

Hobbyen: Liesen, schreiwen, reesen a kachen


Nationalwalen - D'Kandidaten an der Iwwersiicht