D’Integratiounspolitik fëllt an de Walprogrammer ze wéineg Zeilen. Dat bedauert d’Auslännerorganisatioun.

D’Thema d’Zesummeliewen an Integratioun wierkt mol méi, mol e bësse manner egal.

D'Revendicatioune vun der Asti / Chris Meisch

Iwwert déi leschte Méint huet d’Asti Revendicatiounen ausgeschafft a sech mat de 7 Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn, getraff, fir den Detail ze diskutéieren. E puer Méint méi spéit mam Verschécke vun de Walprogrammer awer huet ee misse konstatéieren: vum diskutéierte Material ass näischt, bis kaum eppes vun de Parteien zeréckbehale ginn. „A wann et net an engem Walprogramm optaucht, da wësse mer, datt et wuel kaum an e Regierungsprogramm no de Wale rakënnt,“ bedauert den Evandro Cimetta, President vun der Asti. „Esou gesinn dréint déi ganz Demarche net dozou bei, datt déi Oppenheet, déi mir revendiquéieren, méi grouss gëtt par Rapport zu den Net-Lëtzebuerger.“

Eng Regularisatioun fir Leit ouni Pabeieren

D’Thema Immigratioun géif relativ negativ an de Walprogrammer traitéiert ginn, esou d’Asti. De Fokus bei de meeschte Parteie läit op der sougenannter "Migration choisie". Et géing konkret drëm, Beruffs-Secteuren, wou et e Manktem u Personal gëtt, mat migréiertem Personal ze ënnerstëtzen, esou den Evandro Cimetta: "Hei gëtt den ekonomesche Benefice an de Mëttelpunkt gesat. Et geet hei awer em Mënschen." Weider hofft d’Organisatioun op nei Regularisatiounen (mat Konditiounen), ewéi et se 2013 gouf. Hei hate 543 Persounen, déi zu Lëtzebuerg gelieft a schwaarz geschafft hunn, eng "Autorisation de séjour" kritt. "Dat ass eng “win-win“ Situatioun fir jiddereen", erkläert de Sérgio Ferreira vun der Asti. "Déi Leit ouni Pabeiere liewe generell ewéi all Bierger hei am Land. Se hu just keng Rechter. Mir hunn déi lescht Jore gesinn, datt eng Rei Leit Affer vun Exploitatioun goufen. De Staat gewënnt och, well d’Leit Steiere bezuelen." Schätzungen no kéinten och 2023 nees 600 bis 800 Leit betraff sinn.

Eng "Inscription directe" elo – e Walrecht fir jiddereen duerno

Weider enttäuscht ass ee bei der Asti, wat déi politesch Bedeelegung vun de Auslänner betrëfft. Kuerz virun de Gemengewale wier intensiv op d’Walrecht vun den Auslänner opmierksam gemaach ginn – déi nächst 60 Méint géif d’Thema nees riskéieren, an engem Tirang ze verschwannen. Konkret fuerdert d’Auslännerorganisatioun eng "Inscription directe", soubal ee sech nei op enger Gemeng umellt. Och wann de Referendum iwwert de Walrecht fir jiddereen 2015 negativ ausgefall wier, wier et un der Politik, de Sujet iwwert déi nächst 5 Joer nees op de Verhandlungsdësch ze bréngen, esou den Evandro Cimetta: "Mir wëssen, datt Decisioune vun der Politik kënne geholl ginn, och wann deen een oder anere se am Ufank net gutt fënnt. Op Dauer awer mierkt een, datt et déi richteg Decisioun war."

En Observatoire fir Rassismus, Friemefeindlechkeet an Antisemitismus

D’Organisatioun kritiséiert iwwerdeems weider, datt d’Regierung d’Themen ewéi Diskriminéierung an Auslännerfeindlechkeet ënnerschätzt. Et wier néideg eng Statistik iwwert esou wichteg Themen ze féieren an Diskussioune baséiert op lokalen Daten an Informatiounen opzebauen. An deem Kontext fuerdert d’Asti zanter e puer Joren d’Schafe vun engem Observatoire fir Rassismus, Friemefeindlechkeet an Antisemitismus. Dësen Dossier géif aktuell awer beim Staatsministère bei iergend engem interministeriellen Delegéierte leien.

RTL

© RTL