100.000 Euro fir Pub... dat ass e Chiffer, un dee kaum eng Partei sech am Walkampf hält, och wann et am Ofkommes esou festgehale gouf.

Offiziell leeft d’Walcampagne zanter dem 4. September. Dorop ware sech néng Parteie schonn am Januar an hirem Walkampfofkommes fir d’Gemengen an Chamberwalen vun dësem Joer eens ginn. Dora stoung och, datt si pro Campagne net méi ewéi 100.000 Euro fir Pub géifen ausginn. Mee d’Parteien hale sech net un d’Walkampfofkommes, dat net besonnesch konsequent ass. Dat weisen souwuel d’Erfarungen vun de leschte Chamberwalen 2018, souwéi aus deene leschte Wochen.

Walkampfofkommes a Budgeten - De Reportage vum Michèle Sinner

De Budget vun 100.000 Euro, zu deem sech LSAP, DP, déi Gréng, CSV, ADR, déi Lénk, d’Piratepartei, Fokus a Volt sech Uganks des Joers engagéiert hunn, soll d’Käschte fir Pub an Zeitungen, um Internet, Radio an Tëlee decken. Iwwer dee Montant eraus, sollen och eenzel Kandidate keng eege Campagne finanzéieren.

Datt dee Budget net agehalen gëtt, respektiv Parteien a Kandidaten Weeër laanscht dee lächeregen Accord fannen, ass awer lo schonn evident. Dat, éischtens, well dee Budget, just d’Diffusiounskäschten deckt, net déi, fir d’Produktioun vun den Annoncen oder de Spotten, wéi preziséiert gëtt. An zweetens, well verschidde Parteien den Accord esou interpretéieren, wéi wann e just wärend der offizieller Campagne géif gëllen. Déi flagranteste Beispiller dofir sinn de Luc Frieden an de Michel Wolter vun der CSV.

Fir den CSV-Spëtzekandidat gouf iwwert de Summer scho vill Pub geschalt, ënnert anerem och um Internetsite vun RTL, also einfach virum Start vun der offizieller Walcampagne.

De Michel Wolter huet opwänneg Videoen produzéiert, déi en op sengem eegene Facebook-Profil publizéiert. D’Produktiounskäschte sinn awer, wéi gesot, am Walkampfofkommes ausgeklamert a sou laang hie säi Facebook-Post net promovéiert, entstinn also keng Diffusiounskäschten.

RTL

© Screenshot vu Facebook-Post

Och d’Spëtzekandidatin vun déi Gréng, Sam Tanson, huet op hiren eegene Profiller an de Sozialmedie Videoe vun hirem Summertour duerch d’Land publizéiert.

RTL

© Screenshot vu Facebook-Post

De Premier Xavier Bettel invitéiert op sengem offizielle Kont, dee vum Staatsministère geréiert gëtt, an deen iwwer 72.000 Leit suivéieren, op DP-Walversammlungen, signéiert déi Invitatioune mol perséinlech, mol net.

RTL

© Screenshot vu Facebook-Post

D’LSAP diffuséiert op hirem Youtube-Channel zanter dem Ufank vum Summer Home Stories, fir hir Deputéierte virzestellen a Walkampfmessage ze verbreeden.

RTL

© Screenshot aus Youtube-Video

Waljoer 2018 - Budgete gesprengt

Och d’Zuele vum Waljoer 2018 schwätzen eng kloer Sprooch. Maximal 75.000 Euro wollten déi dräi Regierungsparteien DP, LSAP an déi Gréng, souwéi CSV an ADR deemools fir hir Walcampagne ausginn.

Domat sollten d’Käschte fir Annoncen an de Printmedien, fir Internet-Pub an zousätzlech Radiospotten gedeckt ginn. Deemools gouf keen Ënnerscheed tëscht Produktiounskäschten vun de Campagnen an den Diffusiounskäschte gemaach, also de Käschten, fir beispillsweis eng Pub ze entwerfen an dem Präis vun der Zeitungsannonce, fir se ze publizéieren.

Bei de leschte Chamberwale wollten d’Signatairen anescht wéi dëst Joer keng Spotten an de Kinoe schalten an och keng Spotten op RTL Radio an Tëlee iwwert déi offiziell Walspoten eraus. Si hunn deemools och op Affichen am ëffentlechen Transport an anere Pubs-Panneaue verzicht. D’Parteie wollte maximal dräi sougenannt « Toutes-boîtes » ausdeelen, also Walbroschüren an d’Bréifkëschten vun alle Stéit distribuéieren.

Aus de Bilanen, déi d’Parteien am Kader vun der staatlecher Parteifinanzéierung bei der Chamber ofginn, geet awer ervir, datt hir Campagnen e villfacht vun deem kascht hunn, wéi am Walkampfofkommes ausgemaach.

D’CSV verbucht fir 2018 «Dépenses électorales » 704.555 Euro. Dobäi kommen 211.748 Euro fir « Annonces et insertions » - also Puben-, e separate Posten «Matériel de publicité, frais régie» fir 73.896 Euro an ënnert dem Posten «Kommunikatioun» nach emol 28.080 Euro fir « Autres charges relatives à la propagande ». Domat läit den Total bei iwwert enger Millioun Euro, déi d’CSV 2018 an d’Produktioun an d’Verdeelung vu Walkampfmaterial investéiert huet.

D’LSAP huet am Bilan vun 2018 Walkampfausgaben vun 805.159 Euro stoen. Duerch Gadgeten an aner Käschte klëmmt den Total op 911.868 Euro.

D’DP huet «Dépenses électorales» vun 556.398 Euro verbucht an 10.715 Euro fir Annoncen, sief an der Press oder op der Tëlee, alles an allem also 567.113 Euro.

Bei déi Gréng beleeft sech den Total fir déi nämmlecht Posten op 441.592 Euro.

D’ADR weist Ausgabe vun 434.491 Euro iwwert verschidde Posten. D’Piraten an déi Lénk hunn 108.972 Euro, respektiv 179.732 Euro fir Annoncen oder d’Walcampagne am Bilan stoen. Si haten deemools aus ënnerschiddlechen Ursaache refuséiert, d’Walkampfofkommes z’ënnerschreiwen.

Dës Walkampfofkommes schléissen d’Parteien op fräiwëlleger Basis of, an ob se agehale ginn gëtt dowéinst och vu kenger offizieller Instanz kontrolléiert.

Onofhängeg dovun leet d’Walgesetz zwou Konditioune fest, fir datt d’Parteien bei Chamberwalen en Deel vun hire Walkampffraise vum Staat rembourséiert kréien. Si mussen dofir an alle Bezierker vollstänneg Lëschte virleeën an op d'mannst ee Sëtz kréien.

Wann dat reusséiert, kréien d’Parteien eng pauschal Dotatioun vun 50.000 Euro, vu fënnef Deputéiert u klëmmt d’Dotatioun op 100.000 Euro, vun aacht Deputéiert un op 150.000 Euro a vun 12 Deputéiert un op 200.000 Euro, woubäi et zousätzlech 10.000 Euro pro Deputéierten op de Kapp gëtt.


Nationalwalen - D'Kandidaten an der Iwwersiicht