Rezent gouf an engem Bericht vun de Vereenten Natiounen iwwert invasiv Déieren Alarm geschloen.

Deemno géingen déi 37.000 katalogiséiert Aarten all Joer ee Schued an Héicht vun 371 Milliarden Euro uriichten. Zu Lëtzebuerg ginn et iwwert relevant invasiv 150 Aarten, ee Beispill sinn d'Nilgänsen, déi sech ëmmer weider verbreeden. Dat ze verhënneren, ass nawell net esou einfach.

Invasiv Aarten - De Reportage vum Marc Hoscheid

Méi wéi 50 sougenannte Bruttkoppele vun Nilgänse gëtt et mëttlerweil schonn zu Lëtzebuerg. Virun allem um Iechternacher Séi, laanscht d'Musel an un der Sauer tëscht Dikrech an Angelduerf hu sech d'Déieren néiergelooss. D'Vigel, déi wéi den Numm et scho verréit, am Fong aus Afrika kommen, kënnen direkt op e puer Manéiere problematesch sinn. Si hannerloossen hir Exkrementer nieft an an de Gewässer, wat deels zu enger méi schlechter Waasserqualitéit féiert a gräifen heemesch Villercher un. Den Tiago De Sousa vun der Naturverwaltung erkläert, wéi esou Aarten ageschleeft ginn.

"All déi Aarte kommen duerch de Mënsch, fir de Status invasiv ze hunn, muss de Mënsch intervenéieren. Dat ka bewosst sinn oder onbewosst sinn. Dat heescht, dat kann zum Beispill mam Commerce kommen, datt sou Aarte viru Joren hei verkaaft gi sinn an elo an der Natur ze fanne sinn. Dat kënnen och Saache sinn, déi verstoppt kommen, zum Beispill mat engem Schëff oder engem Fliger."

Mat Bléck op d'Nilgänsen géing et e puer Méiglechkeeten, géint dës virzegoen. Beispillsweis, andeems ee Biotope manner attraktiv amenagéiert. Sou hunn déi invasiv Vigel kuerz geschniddent Gras, wéi een et zu Dikrech laanscht d'Sauer fënnt, besonnesch gären. Schonn nëmmen, wann een d'Gras méi héich wuesse léisst, kéint dat d'Déieren ofschrecken. Et gouf och scho probéiert, d'Eeër ze zerstéieren, dat wier awer net einfach, well d'Nilgänsen dës deelweis a méi héich geleeë Näschter vun anere Vigel leeën. Wat d'Ofschéissen ugeet, weist ee sech bei der Naturverwaltung éischter zeréckhalend.

"D'Nilgäns gouf bei eis zu Lëtzebuerg bis elo nach ni geschoss. Wann dat géif gemaach ginn, muss och gekuckt ginn, wat mécht Sënn, ass dat zum Beispill an engem Naturschutzgebitt, ass et an engem Park. Wa mir géinge kucken, fir an engem Park ze schéissen, wier dat immens immens schwiereg, well do de Risiko fir d'Sécherheet immens héich ass. Dowéinst ass et net sou einfach fir ze kucken, wat ka gemaach ginn, ob Schéissen och eng Optioun ass."

Generell setzt ee bei der Naturverwaltung an éischter Linn op Preventioun, also datt invasiv Aarte guer net réischt an de Grand-Duché kommen. Dës rëm ganz ze eliminéieren, wier nämlech zimmlech schwéier.