D'Uni Lëtzebuerg feiert 20. Anniversaire
D'Uni Lëtzebuerg feiert hiren 20. Gebuertsdag, dat a Presenz vum Grand-Duc Henri a weideren Éieregäscht.
Virun 20 Joer hätt ee vill Courage gebraucht, fir op de Wee vun enger neier Uni ze goen. De Projet wär deemools ganz kontrovers diskutéiert ginn, seet den zoustännege Minister Claude Meisch. Haut wier ee frou, datt deemools dee Schrëtt gemaach gouf, wëll d'Uni hätt dem Land immens vill bruecht. D'Uni hätt eng positiv an dynamesch Entwécklung hannert sech, seet de President vum Verwaltungsrot, Yves Elsen. Kloer ass och, datt d'Uni innovativ a fortschrëttlech bleiwe muss. Et huet een ewell dräi Richtungen definéiert, an déi ee sech weiderentwéckele wëll. D'Schwéierpunkte sollen op de medezinesche Beräich, op d'Nohaltegkeet an d'Digitaliséierung geluecht ginn.
2003 war de Startschoss fir d'Uni.lu. De Centre Universitaire, den IST ,den ISERP an den IEES goufen an déi nei Universitéit integréiert. D'Héichschoul ass iwwert d'Jore gewuess a nei Studieberäicher si bäikomm. 2015 war eng weider grouss Etapp fir d'Uni. Déi éischt Gebaier um Campus Belval ware fäerdeg, d'Mataarbechter an d'Studente sinn erageplënnert. Haut ginn et Uni-Campussen um Belval, Kierchbierg an um Lampertsbierg.