Aus dem Policebulletin
Zwee Chauffere kruten hire Permis ofgeholl

Wéinst Alkohol um Steier hunn e Sonndegowend zwee Autoschauffere missen hire Fürerschäin ofginn.
Op der A1 koum et zu engem Accident tëschent zwee Gefierer, woubäi den Alkoholtest bei engem vun deenen zwee Chauffere positiv ausgefall ass an hien dowéinst e provisorescht Fuerverbuet erdeelt krut.
An der Rue de la Fonderie am Garer Quartier krut Police gemellt, datt zwou Persounen am gaange waren, sech an engem Auto ze streiden. Wéi d'Beamte sech op de Wee bei dëse gemaach hunn, koum hinnen d'Gefier mat extremer Vitess entgéint, wouropshin et gestoppt gouf. Och hei ass en Alkoholtest positiv ausgefall an de Fürerschäin gouf agezunn.
Am meeschte gelies