Nei Etüd
Bal d'Hallschent vun den Erwuessenen zu Lëtzebuerg huet eng Allergie

Dat geet aus enger neier Etüd vum Luxembourg Institute of Health ervir.
Bam- a Graspollen, sou wéi Milbe spillen déi gréisste Roll. Bei iwwer 1.400 Leit goufe Donnéeë gesammelt an Analyse gemaach. D'Fuerscher schwätze vun enger Epidemie. Allergien hätten net just en negativen Impakt op d'Gesondheet vun de Betraffenen, mä och op de Gesondheetssystem, heescht et vun de Fuerscher.
Eleng zu Lëtzebuerg kéinte Käschte vun iwwer 60 Milliounen evitéiert ginn, gëtt geschat.
Dofir gi Strategien a Moyene verlaangt, fir géint dëst Phänomen virzegoen.
Am meeschte gelies