D'Ëmweltministesch hat e Méindegmoien all Méi, fir d'Aarbecht an hirem Ministère wärend der leschter Legislaturperiod an enger Stonn ze resuméieren.

Bilan Emwëltministère / Reportage Pierre Jans

En neit Bëschgesetz, eent fir den Naturschutz an och eent fir d'Drénkwaasser ze protegéieren. E Projet de Loi fir Commodo-Prozeduren ass deposéiert. Genee ewéi déi Demanden, ass och de Regime fir Primmen an Aiden unzefroen an ze kréien, vereinfacht an digitaliséiert ginn.

Ënnert dem Stréch ass d'Joëlle Welfring der Meenung, dass hir Virgängerin Carole Dieschbourg a si selwer et zesumme mat den zoustännegen Administratioune fäerdegbruecht hunn, wärend de leschte fënnef Joren de Kader ze schafen, fir déi ekologesch, energeetesch a gesellschaftlech Transitioun. Ambitiéis Ziler hätt een zum Deel och erreecht. Am Klimaschutz hu wuel verschidde Secteuren hir Ziler net erreecht. Anerer dofir esou däitlech, dass déi national Ziler fir d'drëtt Joer an der Suite erreecht konnte ginn. Mä doru misst weider ambitiéis geschafft ginn, huet d'Ëmweltministesch ze bedenke ginn. Och wa si net ausgeschloss huet, dass déi Ziler eng Kéier op ee méi realisteschen Niveau no ënne revidéiert kéinte ginn.

Fir d'Klima ze protegéieren, misst virop d'Natur geschützt a wann néideg restauréiert ginn. Zanter 2013 hätt sech d'Surface, déi protegéiert gëtt, verdräifacht. Dofir misst ee mat den Entreprisen, Gemengen an Awunner zesummeschaffen, esou d'Ministesch. Am Kader vum Klima- respektiv Naturpakt géif dat gutt fonctionéieren. Doduerch géif ee scho Progrès gesinn. De Biber géif et an tëscht nees op 80 Plazen uechter d'ganzt Land ginn. 2019 nach just op 39. Och de Wollef gëtt zanter 2017 nees méi reegelméisseg gesinn. D'Joëlle Welfring bedauert, dass nach keen neit Buedemschutzgesetz fäerdeg ass. Dat wier néideg, fir verschidde Pollutioune mat engem moderne Gesetz z'evitéieren.

Am Kader vun der Primm "PrimeHouse/KlimaBonus" krut de Staat 30.000 Demanden zanter dem 1. Januar.

Zanter 2019 goufe 75.000 Primme fir en Elektrovëlo an 18.000 fir en elektreschen Auto ugefrot.

405 Milliounen Euro u Subsiden huet den Ëmweltministère zanter 2013 am Ganzen accordéiert.

Naturschutz an dee vun der Biodiversitéit wieren enorm wichteg, dat seet och de Philippe Schannes. De Vize-President vun der Partei Volt Lëtzebuerg huet am RTL-Interview op dee Bilan vum Ëmweltministère reagéiert. Senger Meenung no hätten déi gréng an deem Ministère awer net genuch geleescht. Virop huet de Philippe Schannes dem Ëmweltministère an deem vun der Energie eng Datz fir hir Zesummenaarbecht ginn. D'Produktioun an de Verbrauch vun der Energie sinn a sengen Aen de gréisste Problem vum Klimaschutz. Déi zwee Ministère misste méi enk matenee schaffen, esou d'Kritik vum Volt-Politiker.