An der Nuecht op e Méindeg goufen et op e puer Plazen an der Stad Alkoholkontrollen.

Tëscht 23 Auer an 0.30 Auer hunn 123 Chauffere misse blosen. Kontrolléiert gouf op der Beggener Strooss, der Escher Strooss an um Boulevard Patton. An 8 Fäll war den Test positiv. Zwee Permise goufen agezunn.