Um Sonndeg war den Dag vun der Patientesécherheet, fir si d'Geleeënheet, fir e puer Fuerderungen ze stellen.

D'ADR-Fraen haten och d'Männer vun der Partei agelueden, fir zesumme géint e puer Punkten am Kader vun der Covid-Kris ze manifestéieren. „Fir Impffräiheet“ a „fir eis Souveränitéit-och bei der WHO“ war op de Plakater ze liesen, déi vun 20 ADR-Fraen a Männer virum Gesondheetsministère héichgehale goufen. Bei der Weltgesondheetsorganisatioun soll am Fréijoer d'nächst Joer ee Pandemievertrag ënnerschriwwe ginn, d'Presidentin vun den ADR Fraen, d'Sylvie Mischel.

"An do hu mir zwou Fuerderungen, zum engen, dass dee muss ratifizéiert gi vun alle Länner, dat heescht, dass iwwerall muss d'Parlament agebonne ginn an dass alles opgeschafft an diskutéiert gëtt. An zum aneren, dass de finanzielle Background vun der WHO, dass dee muss exklusiv op déi 194 Memberlänner iwwerdroe ginn, dass Privatgelder do guer net méi afléissen.“

Op nationalem Niveau weist ee sech bei der ADR éischter onzefridden domat, wéi d'Regierung mat der Corona-Pandemie ëmgaangen ass. Et hätt een Angscht, dass no de Walen eng Impfflicht kéim, sou de Fernand Kartheiser.

"Ma eis Revendicatioune sinn natierlech déi, dass mir gär hätten, dass d‘Grondrechter vun de Leit respektéiert ginn, dass dat opgeschafft gëtt duerch eng neutral a credibel Kommissioun, wat wärend der Covid-Zäit gemaach gouf an dass d'Impffräiheet vun de Leit respektéiert gëtt, dat heescht, dass mir och an Zukunft eis kënnen drop verloossen, dass et keen Impfgesetz sollt ginn, keng Impfflicht.“

Mat Bléck op den Hierscht an eventuell nei Variante vum Coronavirus géing et dem Fernand Kartheiser no kee Grond ginn, fir drastesch Moossnamen ze huelen. An deem Fall bräicht een zwar weiderhin adequat Äntwerten, mä dat awer am Respekt vun de Grondrechter an den individuelle Fräiheeten vun de Leit. Alles, wéi gesot, Fuerderunge vun der ADR.

Hei dat offiziellt Schreiwes:

Gëschter war de Weltdag vun der Patientesécherheet. D’ADR Fraen huelen dësen Dag als Geleeënheet fir haut, op dem 18. September 2023 ze manifestéiere fir hir Fuerderungen am Kontext vun deenen aktuellen Diskussiounen ëm de COVID an d’Kompetenze vun der WHO un d’Regierung riichten.

D’ADR Fraen verlaangen en éierlechen Ëmgang mat de COVID-Impfschied an eng séier an onbürokratesch Hëllef fir d’Affer;

D’ADR Fraen verlaangen datt och zu Lëtzebuerg d’Niewewierkungen an d’Impfschied vun der Politik eescht geholl ginn an datt d’Affer séier an onbürokratesch medezinesch gehollef kréien an och  indemniséiert ginn.

D’ADR hat den 23.03.2023 eng Motioun an der Chamber deponéiert fir en definitiivt Enn vun den Aarbechten un dem Gesetz zur COVID-Impfflicht vun der Justizministesch Tanson ze fuerderen. Nëmmen d’ADR war dofir.

D’ADR Fraen verlaangen Impffräiheet an en definitive Verzicht op eng COVID-Impfflicht

D’ADR hat den 23.03.2023 eng Resolutioun an der Chamber abruecht déi als Zil hat eng vollkommen onofhängeg Ënnersichungskommissioun iwwer d'Gestioun vun der COVID-Kris vun der Regierung ze schafen an der Chamber bis de 15. September 2023 e Rapport virzeleeën.  Och déi Initiativ ass refuséiert ginn.

D’ADR Fraen verlaangen en Opschaffen an Evaluatioun vun alle COVID-Moossnamen duerch eng credibel a vollkommen onofhängeg Kommissioun;

D’ADR Fraen verlaangen d’Betounung vun der Lëtzebuerger Souveränitéit och bei der WHO (Weltgesondheetsorganisatioun).

D’ADR-Fraen fuerderen datt am Kader vum neie „Pandemievertrag“ an dem neien „Reglement iwwer déi international Gesondheetsvirschrëften“, déi am Abléck a Verhandlung sinn, d’WHO keng Kompetenze kritt déi d’Souveränitéit vu Lëtzebuerg op iergend eng Manéier kéinten aschränken;

D’ADR-Fraen fuerderen dat all Ännerung an den internationale Gesondheetsvirschrëften muss an der Chamber debattéiert ginn;

D’ADR-Fraen fuerderen datt all méigleche Pandemievertrag nëmmen däerf iwwer de Wee vun der Ratifizéierung ugeholl ginn; 

D’ADR-Fraen fuerderen datt de Finanzement vun der WHO reforméiert gëtt, esou datt exklusiv hir Memberstaaten d’Weltgesondheetsorganisatioun finanzéieren

D’ADR-Fraen fuerderen datt d‘ Decisiounsorganer an déi komplex Partnerschaften a Strukture vun der WHO méi transparent ginn, esou datt sécher gestallt ass, datt exklusiv Staate kënnen Decisiounen an der WHO treffen. D’WHA (d’“World Health Assembly“), déi 194 Memberstaten an hire gewielten Executive Board (34 Staten) mussen déi effektiv Kontroll an Decisiounsgewalt hunn.

Matgedeelt vun der Presidentin vun den ADR Fraen, Sylvie Mischel,  am Kader vun hirer Manifestatioun virum Gesondheetsministère, den 18/09/2023.