Viru geschwënn engem Joer ass d'Associatioun vun den Anciens Combattants mat engem Uleies un d'Ëffentlechkeet gaangen.

Dat bis dohinner kaum thematiséiert gi war: och Lëtzebuerger Zaldote leiden ënnert PTBS, dem Posttraumatesche-Stress-Syndrom, a ginn an hirem Alldag mat där Krankheet an hire Konsequenzen eleng gelooss, sou de Reproche. D'Anciens Combattants wiere gär offiziell als Veteranen unerkannt – an dat soll ugangs 2024 Realitéit ginn.

"Nee, dir sidd net vergiess", e Message, eng Éierung, Enn Juli a Südkorea. Mat an der Delegatioun, de Leon Moyen, ee vu 85 Lëtzebuerger, déi viru méi wéi 70 Joer fräiwëlleg am Koreakrich gekämpft hunn. Och si si keng offiziell unerkannte Veteranen.

Eng Partie Verbesserunge ginn et haut am Verglach mat eisem Reportage vun zejoert: d'Hëllef vun SOS Détresse an d'Ënnerstëtzung duerch de Psycholog a fréieren Ënneroffizéier René Meneghetti. An dann iwwerhëlt d'Krankekeess jo elo 70% vun der Psychotherapie fir Erwuessener, also och vun de PTBS-Patienten -  mat enger spezieller Wäertschätzung hätt dat hei awer näischt ze dinn.

Den Ament wiere 6 vun 8 concernéierten Ex-Zaldoten am Ausland an Therapie, deels iwwer Subsiden. Hinne géing et un éischter Stell awer guer net ëm Geld, mee dorëmmer, dass d'Politik hir Responsabilitéit hëlt.

Ugangs 2024 misst dat sinn, mengt deen, deen dann net méi an der Responsabilitéit wäert sinn. De Sylvain wäert no sengem Tour de Luxembourg zejoert nach weider Spende sammelen a fiert 1.300 Kilometer vun hei bis op de Balkan – do, wou déi Lëtzebuerger Zaldote stationéiert waren.