Erneierbar Energië maachen 2024 15% aus, 2013 waren et der nach 3,5

Domat huet den Energieminister Claude Turmes net nëmmen de Bilan vun der leschter Legislaturperiod gezunn, mee vun 10 Joer Blo-Rout-Gréng.
76 Prozent vun de Wandrieder, déi um Lëtzebuerger Territoire stinn, sinn an dëser Period entstanen. Weider Investissementer solle gemaach ginn.
D'Energiekris, déi duerch d'russesch Invasioun an d'Ukrain lassgetrëppelt gouf, hätt gewise wéi wichteg et wär, méiglechst vill gréng Energie am eegene Land ze produzéieren, huet de Claude Turmes erkläert.
De Minister huet den Zesummenhalt an der Europäescher Unioun gelueft. D'Staats- a Regierungscheffen haten no éischten Differenzen dunn am Summer decidéiert, d'Gasspäicher en vue vum Wanter ze fëllen an och 15 Prozent manner ze verbrauchen. Zu Lëtzebuerg waren et souguer 26,3 Prozent.
De Grénge Politiker Claude Turmes huet betount, seng Partei géif fir eng participativ Politik stoen. Mat Primme sollen d'Entreprisen, d'Gemengen an d'Leit motivéiert ginn, sech nohalteg fir e klimaneutraalt Liewen ëmzestellen. Och Leit, déi vill verdéngen, sollen, wa si sech zum Beispill en Elektroauto zouleeën, als Belounung fir hiren Effort vu Primme kënne profitéieren, fënnt den Energieminister. Fir sozial Gerechtegkeet misst een iwwer Steiere suergen.
E Schlësselelement fir déi energeetesch Transitioun wären natierlech och d‘Stéit, esou de Minister. Lëtzebuerg wär dat éischt Land an der EU an deem keng fossil Heizung méi an neie Gebaier agebaut dierf ginn. D‘Proprietäre sollen dozou incitéiert ginn, Renovatiounen ze maachen. Administrativ Hürden dofir sollen ofgebaut ginn. De Leit wéilt ee mat Expertise a Berodung zur Säit stoen. Dofir soll d‘Klimaagence ausgebaut an zum nationalen Acteur ginn, deen ganz Projete koordinéiert.
Bei de Renovatiounen – zum Beispill enger Installéierung vun enger Wärmepompel – wär de Prinzip awer weider dee vun der Fräiwëllegkeet, huet den Energieminister erkläert.
De Claude Turmes ass och Minister fir Landesplanung.
Déi lescht Joren hätt een et mat véier sektorielle Pläng – ënnert anerem deem vum Logement – fäerdeg bruecht, d'Land weider z‘entwéckelen, an dobäi d‘Ëmwelt ze protegéieren. Et gouf awer iwwer dee Wee och festgeluecht, wou nach Stroossen, Weeër a Schinne kënne gebaut ginn, wou Industrie, mä och wou keng Urbaniséierung däerf sinn, esou de Minister. Fir d‘Zukunft vum Land ze plangen hätten déi politesch Responsabel sech vill mat de Gemengen an der Zivilgesellschaft concertéiert. Grouss Pläng goufen zum Beispill am Kader vum „Programme directeur d'aménagement du territioire“ respektiv vun der internationaler Consultatioun „Luxembourg in Transition“ gemaach. Konkret Projete sinn ënnert anerem d‘Aktivitéitszone zu Féitz komplett iwwer de Leescht ze huelen, an en neit Mobilitéitskonzept fir de Belval.
En emotionale Claude Turmes huet um Enn festgehalen, dass et bei den Ziler am Beräich Energie a Landesplanung net nëmmen ëm Zuele géif goen, mä ëm d‘Zukunft vum Land. Jee nodeem wéi een den Territoire géif notzen, hätt dat en Impakt drop, wéi d‘Land op méiglech Iwwerschwemmungen an extrem Hëtzt virbereet ass, esou den aktuelle Minister.
Kritik vun de Piraten
D'Piraten hunn an de leschte Jore villes vun deem, wat d'Regierungsparteien am Beräich Energie presentéiert hunn, ënnerstëtzt.
Den Deputéierte Marc Goergen huet am RTL-Interview zum Beispill unerkannt, dass déi lescht fënnef Joer wichteg Etappen fir méi Solarenergie geholl goufen. Mä de Piraten goung a geet dat net séier genuch. Si stéiere sech virun allem dorunner, dass d'Leit, déi eng Anlag wëllen installéieren, déi ganz Käschte musse virfinanzéieren. D'Remboursement géif gär annerhalleft Joer schleefen, wéi de Marc Goergen iwwer de Wee vun enger parlamentarescher Fro gewuer gouf. D'Piraten hätte gär, dass de Staat oder d'Gemeng d'Solaranlag bezilt. Eng Privatpersoun kéint da 25 Prozent vun der Stroumproduktioun direkt selwer consomméieren. De Rescht géif an den ëffentleche Reseau goen.
Bei de Primmen op den Elektroautoen hunn d'Piraten e komplett aneren Usaz ewéi den aktuelle Minister Turmes. Si géifen de Montant um Präis vum Auto festmaachen, fir d‘Subside sozial ze staffelen. Wie sech en deieren Elektroauto leeschte kann, bräicht an den Ae vun de Pirate manner Sue vum Staat. Déi Formule hätt hirer Meenung no de Virdeel, dass d'Garagen d‘Autoen net artifiziell méi deier maache kéinten, well d‘Leit e Subside kréien.
D'Regierung leet d'Héicht vun der Primm jo iwwer de Stroumverbrauch vum Elektroauto fest.
Dem Energieminister Claude Turmes no ass dat déi besser Approche, well och eng Persoun, déi sech en deieren Auto leeschte kann, eng Belounung zegutt hätt, wa se en Effort fir de Klimaschutz mécht.
Da bedaueren d’Piraten, dass de Reseau vun de Bornen, fir elektresch Gefierer opzelueden, nach net méi séier gewuess ass.
Hei dat offiziellt Schreiwes:
Bilan de la législature 2018-2023 du ministère de l'Énergie et de l'Aménagement du territoire (19.09.2023)
Communiqué par : ministère de l'Énergie et de l'Aménagement du territoireLe 19 septembre 2023, Claude Turmes, ministre de l'Énergie et ministre de l'Aménagement du territoire, a présenté le bilan de la législature 2018-2023 des deux départements du ministère de l'Énergie et de l'Aménagement du territoire.
Le ministre est revenu sur une législature marquée, d'un côté, par une crise climatique et énergétique mondiale, et, d'un autre côté, par l'essor des énergies renouvelables, l'accélération des mesures de promotion de l'efficacité énergétique et de l'électromobilité, ainsi que la finalisation de la stratégie nationale de développement et de planification du territoire au Luxembourg.
Claude Turmes a commenté: «L'énergie et l'aménagement du territoire font partie des défis majeurs pour l'avenir de notre pays. Avec le Plan national intégré en matière d'énergie et de climat et le Programme directeur d'aménagement du territoire, un cadre permettant au Luxembourg d'être en meilleure position pour relever les défis de l'avenir et de garantir un développement durable du pays a été établi.»
Durable, sûr et compétitif: le Luxembourg mieux préparé aux défis énergétiques
En tant que ministre de l'Énergie, Claude Turmes a commenté: «Ces dernières années, nous avons réussi, ensemble avec les résidents – citoyens, entreprises, acteurs industriels ou encore agriculteurs – à apporter une toute nouvelle dynamique au développement des énergies renouvelables. La production des éoliennes a par exemple quadruplé pendant les 10 dernières années. À travers des mesures de promotion de l'efficacité énergétique, le Luxembourg est aujourd'hui précurseur en Europe dans le domaine des normes énergétiques pour les nouveaux bâtiments en ce qui concerne leur consommation d'énergie et leur source d'énergie.»
«En ce qui concerne l'infrastructure pour la mobilité électrique, le Luxembourg se positionne à la deuxième place en Europe en termes de points de charge par 100 km. En collaboration avec les gestionnaires de réseau, nous avons mis en place un plan d'action pour préparer notre réseau électrique à la transition énergétique. Finalement, nous avons géré la crise de l'énergie grâce à un énorme effort de l'ensemble du personnel du ministère de l'Énergie et nous avons fait en sorte que l'explosion des prix de l'énergie ne touche pas nos concitoyens», a-t-il poursuivi.
Préserver l'environnement, assurer le développement, sauvegarder le sol: un aménagement du territoire d'avenir en concertation avec les communes et en associant la société civile
L'entrée en vigueur des quatre plans directeurs sectoriels a représenté un pas décisif pour une planification territoriale qui sauvegarde la qualité de vie de nos concitoyens, tandis que la consultation internationale Luxembourg in Transition a été une source d'inspiration qui mène vers plusieurs projets concrets, dont ceux de la reconversion du site commercial monofonctionnel de Foetz, la création d'une ceinture verte dans l'Agglo-Centre ou encore le nouveau concept de mobilité pour le site de Belval, sans oublier le site de Metzeschmelz.
Enfin, le Programme directeur d'aménagement du territoire (PDAT) permet au pays et à ses décideurs politiques de mieux appréhender l'avenir du pays pour l'ensemble de ses territoires, ruraux ou urbains, et de ses habitants.
«Construire un Luxembourg zéro carbone et avec une qualité de vie élevée pour ses citoyens est la mission de l'aménagement du territoire. En associant la société civile, en utilisant des données scientifiques pour la planification et en renforçant la coopération transfrontalière, nous avons préparé le Luxembourg à un avenir durable, résilient et désirable pour les générations actuelles et futures», a commenté Claude Turmes, ministre de l'Aménagement du territoire.
Le ministre a conclu: «Je suis heureux d'avoir pu contribuer à ce développement dans les deux départements de mon ministère au cours des cinq dernières années.»