E Sonndegowend gouf d'Police géint 18.45 Auer an d'Escher Rue d'Audun geruff, well sech hei eng Rei Leit zerklappt haten.

Wéi d'Beamten op der Plaz ukomm sinn, huet ee vun de presuméierten Täter probéiert ze flüchten, nodeems hien eng Loftdrockpistoul an d'Hecke geheit huet. Hie konnt gestoppt an immobiliséiert ginn.

Firwat et zur Kläpperei koum, ass net gewosst. Den Täter soll deenen aneren dräi Persoune Fauschtschléi verpasst hunn, woubäi allen dräi wéinst Blessuren an d'Spidol ageliwwert goufen. Hie gouf festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.