Wie Kanner huet weess, dass een och bei der Rentrée déif an d'Täsch gräife muss, fir dass d'Kanner alles hu wat se esou brauchen an der Schoul.

An dat geet vum Lineal iwwert d'Hefter bis zur Sportskleedung. Fir vill Famillen ass dat finanziell net dran an déi kréien dann zum Beispill vum Kiwanis Club Gellë Fra ënnert d'Äerm gegraff.

Et ass fir déi 4. Kéier, dass de Kiwanis Club Gëlle Fra zesumme mat  Benevollen, Frënn a Bekannte Schoulmaterial sammelt, fir herno un déi ze verdeelen, déi et brauchen. Ënnerstëtzt ginn Solina Solidarité Jeunes, Caritas Jeunes et Familles a Médecins du Monde.

Et ass ëmmer nees schéin ze gesinn, dass esou e Projet am Endeffekt eng Win-Win-Aktioun ass. Soubal een d'Freed an de Aen vun de Kanner gesäit, wa se hiert Schoulmaterial kréien, huet dës Aktioun wuel säin Zweck erfëllt.