D'Bauere wënsche sech méi Diskussiounen op Aenhéicht

Am Virfeld vun de Walen adresséieren eng Partie Acteuren aus verschidde Beräicher vun der Gesellschaft hir Revendicatiounen un déi politesch Parteien.
Och d'Landwirtschaft ass do keng Ausnam. Um Méindeg huet d'Bauerenzentral, déi gréisste Gewerkschaft aus dem Secteur, am Vitarium um Rouscht eng Table ronde mat deene véier grousse Parteien organiséiert. De Marc Hoscheid huet de President Christian Wester no den Haaptfuerderunge vun de Bauere gefrot.
Ronn 1.700 Bauerebetriber gëtt et nach zu Lëtzebuerg an déi Zuel dierft an Zukunft weider no ënne goen. D'lescht Joer louch den Undeel vun der Landwirtschaft um Bruttoinlandprodukt bei 0,25 Prozent. De Secteur steet zudeem duerch ëmmer méi streng Ëmweltschutzoplage an d'Fuerderung nom Aspuere vun CO2 ënner Drock. Virun deem Hannergrond ass et de Responsabele vun der Bauerenzentral besonnesch wichteg, datt et och an der nächster Legislaturperiod weiderhin een onofhängege Landwirtschaftsministère soll ginn. Allerdéngs erhofft ee sech dem President Christian Wester no, datt dee sech méi duerchsetze ka wéi an der Lescht. "Mateneen Ëmwelt, Landwirtschaft, datt dat méi ee Matenee gëtt, zesumme schwätzen. Also am Moment hu mer ëmmer d'Gefill, datt déi eng eis bëssi wëllen diktéieren, notamment déi Gré, also d'Ëmweltverwaltung eisem Ministère dacks an d'Zopp späize geet. Dat ass eppes, wou mer eis net méi op der Aenhéicht rëm gesi mat deene Verwaltungen, wou mer eis awer wënschen, datt dat rëm bëssi méi op Aenhéicht kënnt."
Nëmmen zesumme kéint een déi grouss Erausfuerderunge vun der Zukunft, virum allem de Klimawandel, meeschteren. Ma och wann den Ëmweltschutz wichteg an een Deel vum Bauereberuff wier, gesäit ee sech an éischter Linn awer mol als Liewensmëttelproduzenten. D'Betriber misste rentabel kënne funktionéieren an do kéint och de Staat nach zousätzlech Ënnerstëtzung liwweren.
"Ee gutt Beispill ass 100 Prozent Bio an de Kantinnen, domadder ass der regionaler Landwirtschaft näischt gedéngt, wa mer d'Produkter an d'Ausland kafe ginn. Et wier mol wichteg, wéi mer och virun, ech mengen, et ass scho bal zéng Joer hier, datt mer déi Petitioun haten, fir méi regional Liewensmëttel an den ëffentleche Kantinnen ze hunn, et ass do, wou et ugeet, fir de Leit ze weisen, datt se Lëtzebuerger Produite sollen hunn."
Iwwert déi ëffentlech Kantinne kéim een och besser un d'Auslänner erun, déi een iwwert déi aktuell Vermaartung nëmme schwéier erreeche géing. Eng aner Fuerderung ass d'Eropsetze vun den Entschiedegunge fir iwwerduerchschnëttlech produktiv Betriber, déi bei Programmer fir d'Verbesserung vun der Ëmwelt an dem Klima matmaachen. Ob ee bei der Politik domadder op oppen Ouere stéisst, wäert sech dann nom 8. Oktober weisen.