En Dënschdegnomëtteg gouf den 112 op eng Rei Plazen uechter d'Land geruff.

Géint 14.05 Auer ass op der N1 tëschent Mäertert a Gréiwemaacher en Auto am Gruef gelant, woubäi eng Persoun blesséiert gouf. Kuerz duerno gouf et e weidere Blesséierten op der Stater Côte d'Eich, wéi hei en Auto an e Motocyclist aneneegerannt sinn. Géint 16.47 ass op der Route de Luxembourg zu Rolleng eng Persoun vun engem Auto ugestouss a blesséiert ginn. D'Rettungsekippe vu Beetebuerg a vu Péiteng waren hei am Asaz.

Keen Accident mä e Brand an engem Drecksauto gouf et um 15.16 Auerop der A4 um Zéissenger Kräiz, woubäi awer kee blesséiert ginn ass.