Mat der Walschabloun erméiglecht ee blanne Leit bei de Walen hir Stëmm ofzeginn, ouni d'Hëllef vun enger weiderer Persoun an Usproch ze huelen.

Fir Mënsche mat enger Behënnerung kann d'Participatioun um politeschen an ëffentleche Liewe mat Hindernisser verbonne sinn. Am Kader vun den Nationalwalen zum Beispill stellt sech d'Fro: Wéi fëllt een e Walziedel aus, wann een en net gesäit?

Eng Walschabloun soll d'Léisung sinn an et Blannen, sou wéi och Leit mat enger Ae-Schwächt oder enger neurovisueller Stéierung et erméiglechen, eleng an eegestänneg hir Stëmm ofzeginn. Dermat dat den 8. Oktober och de Fall ass, lafen d'Preparatiounen am Centre pour le développement des compétences relatives à la vue schonn op Héichtouren.

D'Iddi fir de Projet koum vum Tom Erdel: "Ech selwer si virun 13 Joer blann ginn an du stoungen d'Gemengewale virun der Dier an dunn hunn ech mat Erschrecke festgestallt, dass et keng Méiglechkeet zu deem Ament gouf, fir autonom meng Stëmm ofzeginn."

De Staatsministère huet des Initiativ vun Ufank un ënnerstëtzt a fir d'Chamberwalen am Oktober iwwer 300 Schabloune bestallt, fir an deene verschiddene Walbüroen ze verdeelen. Wie vun doheem aus per Bréifwal wiele wëll, kann och schonn am viraus eng beim CDV ufroen.

Déi gréissten Erausfuerderung war et, de Walziedel a Brailleschrëft ze iwwersetzen. Dës ass nämlech genormt, ma hëlt vill Plaz a passt domat net op d'Schabloun. Dowéinst huet een decidéiert, all Partei an all Kandidat eng Nummer zouzeweisen a just dës a Brailleschrëft op d'Schabloun ze printen. D'Legend mat all den Nummere fënnt een an engem separate Bichelchen.

An och wann déi ganz Produktioun mat vill Opwand verbonnen ass, wier et d'Aarbecht wäert a presentéiert e grousse Fortschrëtt fir déi selbstänneg Walparticipatioun vu Leit mat enger visueller Beanträchtegung.