Wéi de Mëttelstand konkret ausgesäit

83 Prozent vun de Lëtzebuerger Residentë géinge sech selwer zum Mëttelstand, respektiv zur Mëttelschicht zielen.
Dat geet aus deene rezentsten Donnéeë vun der OECD ervir. Enger neier Publikatioun vun der Chambre des salariés no ass de Mëttelstand a Wierklechkeet allerdéngs ee gudde Krack méi kleng. Datt dësen an deene leschten 40 Joer staark geschrumpft ass, wier fir den Zesummenhalt vun der Gesellschaft iwwerdeems kee gutt Zeechen.
Bei Improof, enger Zort Think Thank vun der Chambre des salariés, huet ee sech d'Fro gestallt, wat genee de Mëttelstand ass. Fir d'éischt ginn emol eng Partie philosophesch a soziologesch Definitiounen ugefouert. Engersäits gëtt de Mëttelstand dobäi als Fundament a Pilier vun der Gesellschaft bezeechent, anerersäits awer och als onstabil an an der Gefor begraff, ze verschwannen. Et gëtt och ekonomesch Definitiounen. Den Dylan Theis vun der Chambre des salariés erkläert, wéi eng fir d'Berechnunge geholl gouf. "Do kuckt een, wéi vill Leit verdénge méi a wéi vill Leit verdénge manner wéi de Revenu médian. An da kuckt een, ok d'Mëttelschicht, déi ass da sou vill Prozent do driwwer a sou vill Prozent do drënner, an Terme vu Revenu an net forcément an Terme vu Populatioun ausgedréckt. An do ass de Virdeel eben drun, datt ee kann analyséieren, wéi an der Zäit d'Mëttelklass evoluéiert, gëtt se méi grouss, gëtt se méi kleng?"
Am Joer 2019 louch den Netto Revenu médian zu Lëtzebuerg bei 41.192 Euro. Fir Improof gehéiert ee Stot zum Mëttelstand, wann en tëscht 75 an 200 Prozent vun deem Montant zur Verfügung huet. Bei enger Persoun reecht déi Span vu 37.772 bis bei 100.724 Euro. Bei enger Koppel mat dräi Kanner geet et vun 90.652 bis 241.739 Euro. Deemno hätten 2019 61,4 Prozent vun de Stéit zur Mëttelschicht gezielt. 29,5 Prozent louchen ënnert an 9,1 Prozent iwwert deem Niveau. Am Joer 1985 hunn nach 70,9 Prozent vun de Stéit zum Mëttelstand gehéiert. Eng Entwécklung, déi dem Dylan Theis no problematesch ass.
"Et ass sou, datt ee sech awer scho relativ eens ass, datt eng staark Mëttelschicht immens wichteg ass, fir d'sozial Kohesioun, fir d'Akzeptanz vun enger Gesellschaft. Et ass wichteg, datt jidderee mierkt, datt en Deel ass vun där Croissance, déi en erlieft an datt dat net iergendee Phänomeen ass, deen ee just an Ziffere rëmgesäit, déi sech a senger Realitéit awer net rëmspigelen. Dofir ass déi Baisse vun der Mëttelschicht schonn immens tragesch."
Fir ze verhënneren, datt deen Trend weidergeet, misst ee bei de Steieren an de sozialen Transferten usetzen. An där ënneschter Schicht a beim Mëttelstand sollt et zu steierlechen Entlaaschtunge kommen, wärend déi ronn 9 Prozent an der ieweschter Schicht duerchaus e bëssi méi verkraafte kéinten.