D’Entreprise Paul Wurth, déi dem däitschen SMS-Grupp gehéiert, feiert dëse Weekend 150 Joer.

D’Firma war vun Ufank u staark mat der Lëtzebuerger Stolindustrie verbonnen. Hei am Land schaffen eng 500 Leit fir de Betrib, dee sech op d’Stolveraarbechtung spezialiséiert huet. A Saache klimaneutral Stolproduktioun wëll de «Paul Wurth Grupp» fir d'Zukunft eng Virreiderroll spillen.

Zu Hollerech wäert an den nächste Joren den neie Siège vu Paul Wurth entstoen. En Innovation Hub, woumat d'Zukunft vum Standuert Lëtzebuerg ofgeséchert wär.