Géint 8 Auer e Sonndeg de Moie war der Police een Abroch am franséische Grenzgebitt gemellt ginn.

Déi presüméiert Abriecher hu sech mam Won a Richtung Lëtzebuerg aus dem Stëbs gemaach, ier se konnte gepëtzt ginn. Eng Policepatrull konnt de Fluchtauto méi spéit zu Diddeleng fannen. Ee presuméierten Täter war awer nach op der Flucht. Hie konnt no engem Opruff un d'Populatioun fonnt ginn, 2 geklaute Tëleeë goufe saiséiert.