Kuerz viru 16.30 Auer um Sonndeg huet sech eng Jeep op der Streck tëscht Duelem a Méideng iwwerschloen.

D'Bäifuererin, eng 28 Joer al Awunnerin vun Altwis, ass op der Plaz vum Accident gestuerwen. D'Fra um Steier koum blesséiert an d'Spidol.

D'Streck gouf vun der Police gespaart. De Miess- an Erkennungsdéngscht war op der Plaz.

RTL

Op der Polvermillen an der Stad gouf et e Sonndeg den Owend kuerz virun 18 Auer eng Kollisioun tëscht engem Auto an engem Moto. Zwou Persoune goufe blesséiert.