Zu Fréiseng
Persoun gouf iwwerfall, jugendlech Täter konnte spéider gepëtzt ginn

E Sonndeg am Nomëtteg krut eng Persoun seng Schong a säi Basketball vun zwee Jugendleche geklaut, déi d'Affer mat engem Messer menacéiert hunn.
D'Police konnt d'Täter kuerz drop ermëttelen an d'Messer gouf séchergestallt. D'Affer krut seng Saachen nach den Dag selwer zeréck. D'Täter goufe protokolléiert.
Am meeschte gelies