Am Virfeld vun de Chamberwalen den 8. Oktober hu mir d’Leit aus de véier Walbezierker zu Wuert komme gelooss.

Nom Walbezierk Norden ass et elo un de Wieler a Wielerinnen aus dem Süden. Dëse Walbezierk besteet aus de Kantoner Esch-Uelzecht a Capellen, wou mat 23 Sëtz déi meeschten Deputéiert gewielt kënne ginn. Op der Gemengeplaz zu Diddeleng hu mir eis Walkabinn opgestallt a wollten ënnert anerem vun de Leit wëssen, wat si iwwer de Grand-Duché a seng Politik denken?

Walkabinn Ettelbréck

Fir déi éischt Episod hu mir eis Walkabinn am Norden opgeriicht, méi genee an der Foussgängerzon zu Ettelbréck. Dëse Walbezierk besteet aus de Kantoner Dikrech, Réiden, Wolz, Clierf a Veianen. 9 Deputéiert kënnen hei gewielt ginn. Ma wéi eng Theme beschäftegen d’Populatioun? Ënnert anerem op déi Fro hunn d’Leit an der Walkabinn geäntwert.