Eng Enquête soll déi genee Ëmstänn vum Accident op der A1 klären.

Nodeems et leschte Freideg op der A1 zu engem trageschen Accident koum, wou eng Persoun ëm d'Liewe komm ass, huet de Parquet RTL confirméiert, dass eng Enquête wéinst onfräiwëllegem Doutschlag an onfräiwëlleger Kierperverletzung amgaangen ass. Zil vun der Enquête wier et, ze klären, ob a wie sech eventuell eppes zu Schold komme gelooss huet.

De Parquet konnt op Nofro confirméieren, dass et Aenzeie gëtt, een allerdéngs nach näischt kéint weider soen, well dës nach net offiziell gehéiert goufen.

De Parquet huet eng Autopsie an eng Expertise ugefrot.

Wat war geschitt?

Géint 10 Auer um Freideg war tëscht dem Gaasperecher Kräiz an der Sortie Sandweiler/Hamm e Camion, deen an Direktioun Stad ënnerwee war, an d'Mëttelplank gerannt. E Panneau gouf vum Kipper mat ewechgeholl, deen op d'Géigebunn gefall ass.

De Chauffer vun engem Auto, deen op der Géigebunn entgéintkoum, war op der Plaz dout. D'Bäifuererin gouf schwéier blesséiert.

Zwou Persounen an engem Minibus, déi och op der Géigebunn ënnerwee waren, goufe liicht verwonnt. De Chauffer an de Bäifuerer vum Camion koumen och mat liichte Blessuren an d'Spidol.

D'Police hat iwwert d'Mëttegstonn ugefaangen d'Autoen, déi am Stau stoungen, ze evakuéieren. Duerch déi komplett Fermeture vun der Autobunn huet sech de Stau op aner Plaze verdeelt.