D'Stella Assange, dem Julian Assange seng Affekotin a Fra ass dëse Méindeg zu Lëtzebuerg.

Dat fir eng Entrevue mam parlamentaresche Grupp, deen den Julian Assange ënnerstëtzt. E Méindeg den Owend um 18.30 Auer ass eng Konferenz am Casino syndical zu Bouneweeg, wou d'Stella Assange iwwert dem Julian Assage seng momentan Situatioun schwätzen wäert.

Den Assange, deen zanter 4 Joer an England an Untersuchungshaft sëtzt, riskéiert elo an Amerika ausgeliwwert ze ginn. Hei riskéiert hie bis zu 175 Joer Prisong.

Ma wéi d'Stella Assange erkläert, wier och seng momentan Situatioun am Prisong vu Belmarsh, wou hien zanter 4 an engem hallwe Joer ënnerbruecht ass, net optimal:

"Den Julian ass elo zanter 4 an engem hallwe Joer am Prisong zu Belmarsh. Hien ass do an der Zäit wou Amerika probéiert, hie vun England ausgeliwwert ze kréien. Wann hien an Amerika virun ee Geriicht kënnt, dreet him eng Prisongsstrof bis zu 175 Joer. Een Dag méi am Prisong ass een Dag, wou seng mental a kierperlech Gesondheet ëmmer méi an de Keller geet. Am Oktober 2021 hat hie schonn ee klengen Hiereschlag. Hien hëlt verschidde Medikamenter. Natierlech maachen ech mir suergen ëm seng kierperlech a mental Gesondheet."

D'Sella Assange erkläert dem Julian Assange seng Situatioun


Dir kënnt de ganzen Interview mat der Stella Assange en Dënschdeg den Owend am Journal op RTL Tëlee Lëtzebuerg kucken.