Samu op der Plaz
Chute vun engem Motocyclist zu Hesper

Um 14 Auer e Méindeg de Mëtteg war zu Hesper an der Gaasperecher Strooss e Motosfuerer gefall.
D'Ambulanz vu Beetebuerg, de Samu aus der Stad an d'Pompjeeë vun Hesper waren op d'Plaz geruff ginn.
Géint 14.40 Auer hat e Bus op der N22 tëscht Béiwen a Biissen e Bam ze pake kritt. D'Pompjeeë vun Tënten a Béiwen an d'Ambulanz aus der Nordstad waren hei am Asaz.
Eng weider Persoun gouf da blesséiert, wéi sech 2 Autoen an der Fuussekaul ze pake kruten. Hei waren d'Ambulanz aus der Nordstad an d'Pompjeeë vum Alebësch op der Plaz.
Am meeschte gelies