D'Sozialiste sinn e Méindeg zu Ettelbréck op hir Prioritéiten a Léisunge fir eng Rei Erausfuerderungen am Norden agaangen.

LSAP Norden / Reportage Charel Thillen

Fir d'sozialistesch Nord-Co-Spëtzekandidatin Flore Schank spillt den Ausbau vun den néidegen Infrastrukturen eng grouss Roll, fir d'Éislek als Regioun nach besser mam Rescht vum Land ze vernetzen. Dat net nëmmen am Hibléck op de Stroosseverkéier, mä och op d'Aarbechtsméiglechkeeten, déi et net nëmmen an der Stad solle ginn. Dozou gehéiere Co-Working-Spaces wei déi zu Schieren an um Fridhaff.

"An dat ka scho wierklech eng reell Alternativ sinn, och virun allem fir Leit aus dem Norden, déi awer all Dag ee wäite Wee hunn, fir vläicht net méi grad esou wäit mussen ze fueren. Fir och vläicht méi Liewensqualitéit ze kréien an och kënnen iwwert den ëffentlechen Transport dorobber zréckgräifen", esou d'Flore Schank.

Nieft de Suerge vun de Steierzueler sti fir d'Sozialisten och d'Gesondheet an d'Sécherheet vun de Kanner am Mëttelpunkt vum Walprogramm. D'Co-Spëtzekandidatin bedauert, dass de Vëlosreseau net genuch ausgebaut wier, mä och Trottoire géifen an Uertschafte feelen. Besonnesch fir Kanner wier e Manktem vun dësen Infrastrukture problematesch:

"Ech kommen zum Beispill aus enger Gemeng, déi aus zwee Dierfer besteet an do ass d'Vëlosnetz an och den Trottoiresreseau tëscht den Dierfer nach net assuréiert. Dat ass ee vun de Schwéierpunkte vum neie Schäffen- a Gemengerot, fir genau dofir ze suergen, dass do déi Infrastrukture geschaaft ginn, fir dass d'Kanner kënne sécher zu Fouss vun A op B goen."

D'LSAP wëll donieft d'Éislek als Regioun vum Land méi attraktiv maachen. Schoulesch a medezinesch Servicer sollen ausgebaut ginn. Och d'Zesummenaarbecht tëscht dem Norden am dem Rescht vum Land soll weider promouvéiert ginn. De Co-Spëtzekandidat a Minister Claude Haagen weist sech optimistesch a wënscht sech eng enk Zesummenaarbecht:

"Natierlech mam Rescht vum Land, dat ass jo evident. Dat gëllt souwuel fir Administratives wéi och fir aner Versuergungen a Points d'intérêten. Dann ass et a Saache Mobilitéit och wichteg, dass mer déi vum Éislek kënnen erreechen."

Bis zu de Walen am Oktober sinn et elo nach knapp zwou Wochen. Nodeems d'sozialistesch Partei bei de leschte Walen am Norden ee Mandat an der Chamber verluer hat, gëllt et dëst Joer, dëse Stëmmeverloscht nees ze rattrapéieren.