All Kand huet d'Recht op 20 Stonne gratis Crèche-Betreiung d'Woch. Allerdéngs gouf de Stonnentarif zënter 11 Joer net méi ugepasst...

All Kand zu Lëtzebuerg huet d'Recht op 20 Stonne gratis Crèche-Betreiung d'Woch. Ma de Stonnentarif vu 6 Euro, deen de Staat bezilt, gouf trotz Inflatioun an Index zanter der Aféierung virun 11 Joer ni ugepasst. Fir verschidde privat Crèchen ass dat e grousse Problem.

D'Véronique Glaesener ass Patronne vun 3 Crèchen. Si beschäftegt am ganzen 30 Mataarbechter. Ronn 100 Kanner sinn an hire Betreiungsstrukturen ageschriwwen. An awer ass et fir si schwéier um Enn vum Mount finanziell iwwer d'Ronnen ze kommen: "Mir hunn ongeféier 15-20.000€ méi Fraisen wéi mer fréier haten. Wat och zum Deel un de Personalkäschte läit, un de Kreditter, um Iessen... et ass einfach alles e bëssen an d’Luucht gaangen."

De Stonnentarif vu 6€ fir déi 20 Stonne gratis Betreiung pro Woch ass och Basis fir am Kader vun de Chèque services accueil d'finanziell Participatioun vun den Elteren, fir zousätzlech Stonnen ze berechnen. An de Privatcrèchen ass et üblech, datt d'Elteren dorop nach e Supplement bezuelen. An dëser Crèche läit deen zanter zejoert bei 2,50€ d'Stonn. Eigentlech misst si e lo nees unhiewen, ma d'Patronne zéckt. D'Eltere wäre scho finanziell belaascht. Ma et ass och d'Suerg Clienten u konventionéiert Crèchen ze verléieren. Am Laf vum leschte Joer wär dat e puer mol geschitt. Ëmmerhi kascht d'Betreiung hei an der Privatstruktur 400€ de Mount méi. "Mir sinn net richteg konkurrenzfäeg mat de konventionéierte Crèchen", seet d'Véronique Glaesener.

Secteur fuerdert eng méi dauerhaft Léisung

D'FELSEA, Federatioun vun de Private Strukture gesäit dat méi nuancéiert. Um Marché géifen och d'Privatcréchë gebraucht ginn. "Ech mengen d'Eltere kommen awer weider bei eis, well se eppes anescht sichen wat se vläicht beim Konventionnéierten net fannen. Eng Flexibilitéit, eng aner Offer, wéi eng standardiséiert Offer. Dowéinst mengen ech net, datt mir do Problemer hätte wéinst de 6 Euro", seet de Paolo Fiorucci, Vize-President vun der Felsea.

Eng Upassung vum Tarif hätt munches méi einfach gemaach, virop fir d'Elteren. De Secteur bräicht awer eng méi dauerhaft Léisung. Am beschten eng Flexibiliséierung vum System, datt een an Zäite vu Krisen, méi séier kéint reagéieren.

E Konventionement fir privat Crèchen?

Den nach Educatiounsminister geet e Schrëtt méi wäit a freet sech, ob d'privat Crèchen net eng Zort Konventionement kéinte kréien. "Mir kontrolléiere se jo haut schonn, wat e gudde pedagogesche Fonctionnement ubelaangt, vläicht kréie mer och e rechtlechen, e wirtschaftleche Fonctionnement hin, deen dee vun de Konventionéierten e bësse mi no kënnt", seet de Claude Meisch.

Eng Diskussioun fir déi nächst Regierung. Um 6€-Stonnentarif riskéiert sech sou bal näischt ze änneren, sou datt Crèchen an Nout warscheinlech net vill anescht iwwreg bleift, wéi d'Inflatioun un d'Eltere weider ze ginn.