ASBL "Natur & Ëmwelt" huet eng Rei Revendicatiounen un d'Politik

Ënnert anerem solle Contournementer net als Wonnermëttel géint den Trafic betruecht ginn, zemools wann Naturschutzgebidder affektéiert sinn.
D'Protokoller fir Verstéiss géint de Code de la Route sollen dem finnesche Modell no präislech gestaffelt an un d'Héicht vun der Pai ugepasst ginn. D'Schluechten an d'Verschaffe vum Fleesch soll och nees op Häff méiglech sinn, fir de Bauere supplementär Recetten ze sécheren. Dëst sinn nëmmen dräi vun enger Hellewull politesche Revendicatiounen, déi d'ASBL "Natur & Ëmwelt" als Mode d'Emploi fir d'Nationalpolitik publizéiert.
Gefrot gëtt fir d'Natur nei ze denken. Aner Fuerderunge sinn den Ökozid als Strofdot un z'erkennen, fir de Naturschutz laangfristeg ze sécheren a séierstméiglech e Buedem-Protectiouns-Gesetz ëmzesetzen.
Och misst der Naturschutz-ASBL no d'Installatioun vun engem Baseng fir Reen opzefänken, bei neien Haiser a Wunnengen obligatoresch ginn. Fir Biogas-Installatioune missten iwwerdeems nei Sécherheetspläng ausgeschafft ginn, fir Accidenter mat Repercussiounen op Natur an Ëmwelt ze verhënneren.