Kuerz no 18 Auer koum et an der Rue Lohr zu Miersch zu enger Kollisioun tëscht engem Auto an engem Bus.

Heibäi gouf eng Persoun verwonnt.

Nëmme puer Minutte méi spéit huet et zu Munneref an der Rue de Luxembourg tëscht zwee Autoe gerabbelt. Och hei gouf eng Persoun verwonnt.

E weidere Blesséierte gouf et da géint 21.15 Auer op der A14 a Richtung Schengen, tëscht Altwis an dem Tunnel Munneref. Hei hei en Auto Feier gefaangen.