Situatioun am Bausecteur ass alarmant

D'Situatioun am Bausecteur wier esou alarmant, datt muss e sektorielle Plan de Maintien de l'Emploi ausgeschafft ginn - dat besonnesch fir den Héichbau.
Dat behält de Verwaltungsrot vun der FEDIL no senger rezenter Reunioun zeréck. Et gëtt dann och ewell den Appell un d'Regierung gemaach, déi sech no de Wale vum 8. Oktober wäert forméieren, an zwar datt dës Ekipp enfin soll all d'Barrièren ofbauen, déi bis ewell en intelligent Mobiliséiere vu Bauprojete verhënnert hätten. De Bau wier an enger vu sengen uergste Krisen: et géife qualifizéiert Leit verluer goen, déi da géife feelen, wann d'Konjunktur nees unzitt. D'cumuléiert Retarden, déi et am Bau zanter Jore géife ginn, géife schwéier op der wirtschaftlecher Entwécklung vum Land laaschten.
D'FEDIL bedauert dann och dee rezente Streik bei der Cargolux - d'oppen Celebratioun vun dësem Streik duerch eenzel Gewerkschaftsleadere géif just der Glafwierdegkeet vun dëse Syndikaliste schueden, sou d'FEDIL-Administrateuren.
D'Industriellefederatioun weist sech dann och extrem besuergt iwwert déi aktuell héich Tauxe vun Absenteeism an alle Secteuren, déi zu seriöen Disponibilitéits- a Gestiounsproblemer féieren.