Vill Constaten, net iwwerall vill Moossnamen
Bei ville Parteien huet een d'Gefill, datt zwar vill Constate gemaach ginn, mä datt awer alles soll bleiwe wéi et ass.
Bei 8 Parteie goufen d‘Kapitele Wirtschaft, Klima an Energie, Landesplanung, Naturschutz a Landwirtschaft esou wéi Demokratie ënnert d'Lupp geholl a mat den eegenen Iddie verglach.
Beim Mouvement écologique gëtt betount, datt een neutral ass, keng Walrecommandatiounen an och kee Ranking mécht.
Nawell fält op, datt verschidde Parteie mat hirem Programm méi no un de Propose vum Mouveco sinn ewéi anerer. De Programm vun de Gréngen ass an de Beräicher nohalteg Entwécklung an ökologesch Transitioun ganz ëmfaassend an detailléiert, sou d'Presidentin Blanche Weber. Allerdéngs géing d'Wuesstemsfro bei de Gréngen net genuch thematiséiert ginn.
Eng änlech Zensur gëtt et iwwerdeems fir déi Lénk.
Bei der LSAP stëmmt d'Analyse, ma de Moossnamekatalog géing där awer net Rechnung droen, fënnt d'Ëmweltorganisatioun.
Déi Liberal géinge fir hiren Deel vill wichteg Mesuren opzielen, awer ze vill op d'Fräiwëllegkeet setzen a keng Prioritéiten definéieren.
Eng ze vill pragmatesch Natur- a Klimaschutzpolitik kritt d'CSV reprochéiert. D'Virschléi géingen net iwwer dat üblecht eraus a wiere plazeweis souguer kontraproduktiv
Si fuerderen déi meeschte Stroossen, setze sech nach fir Waasserstoff an a fir eng Reduktioun vun de Kompetenze vum Ëmweltministère. Mir fannen de Programm ernüchternd an Deeler problematesch.
Bei de Pirate fënnt de Mouvement op de genannte Punkten deen een oder anere gudden Usaz, allerdéngs wier de Programm ze allgemeng gehalen an et géing un Déift feelen. De Programm vu Fokus géing den ökologeschen Ufuerderungen net gerecht ginn, konkret Propose géinge feelen a verschidden Aussoen zur Nohaltegkeet wiere schwiereg. Méi wéi problematesch gesäit d'Blanche Weber d'Wal-Iddie vun der ADR
Déi Aart a Weis, wéi si d'Wuesstemsfro thematiséieren, ass an eisen Aen eng nationalistesch/identitär, déi mir als Mouvement écologique fundamental ofleenen.
Generell géing an dëser Walcampagne opfalen, datt bei ville Parteien néideg Changementer éischter hallefhäerzeg thematiséiert ginn, gëtt d‘Mouveco-Presidentin nach ze verstoen.
Bei der Analyse huet een sech am Oekozenter aus organisatoresche Grënn op 8 Parteie limitéiert.