No der Nouvelle iwwer d'privat Soirée vum Entrepreneur Giorgetti, wou eng Rei DP- an CSV-Politiker present waren, ginn et Reaktioune vun der Oppositioun.

RTL hat e Mëttwoch de Mëtteg iwwert dës Feier reportéiert, wou e Freideg eng ganz Rëtsch prominent Politiker zwou Woche virun de Walen invitéiert an och present waren.

D'Pirate froe sech, ob dëst wierklech en Iessen ënner Kolleege war oder awer eng Renconter vun engem Matbesëtzer vun enger vun de gréisste Baufirme mat deene Parteien, déi een an enger nächster Regierung kéint gesinn? Et wieren esou Evenementer, déi d'Vertrauen an d'Politik géifen zerstéieren, sou d'Piraten, déi eng Opklärung iwwert dëse "Virfall" fuerderen, grad wéi eng kloer Transparenz iwwert d'Geschäfter, déi de Lëtzebuerger Staat mat der Firma Felix Giorgetti an de leschte Jore gemaach hätt.

Net ouni Ironie froe sech déi Lénk: "Wann de Marc Giorgetti als ee vun de gréissten Immobiliëpromoteuren am Land opdëscht, da grommelt beim Lëtzebuerger Politgratin schonn de Bauch."

Wann ee wéisst, wéi en enorme Pouvoir déi grouss Promoteuren am Land hätten, da wier et méi wéi verwerflech, wann d’Politik sech bei dëse Promoteuren "ubiedere" géif. D’Big Four an dichteg Geschäftsaffekote géifen d’Legislatioun fir d’Finanzplaz schreiwen an d’Politiker géifen de Promoteuren de Schampes aus der Hand drénken, iwwerdeem d'Aarbechter sech op Chantiere fir de Mindestloun de Réck futti géife maachen, sou déi Lénk an hirem Statement.

Op Facebook reagéiert iwwerdeem den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser, dee sech freet, ob d'Unhuele vun der Invitatioun op dës privat Soirée net awer "moralesch eng ganz wackeleg Geschicht wier", déi d'Integritéit an d'Glafwierdegkeet vun der DP an CSV géif a Fro stellen.