Digitalisatioun huet grouss Schrëtt gemaach, esou de Minister Hansen

© MinDigital
De Rapport "eGouvernment Benchmark" iwwerwaacht déi digital Evolutioun an den ëffentleche Secteuren. Hei ginn am ganze 27 Länner surveilléiert.
Dës Etude ass a véier Kategorien opgedeelt. Eng dovunner ass, wéi accessibel d'Funktioune fir Leit aus de Grenzregioune sinn. Hei ass Lëtzebuerg par Rapport zum leschte Joer souguer ëm ee Prozent geklommen op elo 91 Prozent. Dëst wier een top Resultat, mee och net verwonnerlech duerch déi vill Frontalieren, déi jo och en digitalen Zougrëff fir administrativ Demarchen brauchen, esou de Minister fir Digitaliséierung, Marc Hansen.
Egal op mat der "Myguichet"-App, déi 2021 lancéiert gouf, oder déi sëlleg Demarchë wärend der Covid-Pandemie: den digitale Beräich zu Lëtzebuerg huet an de leschte Jore grouss Progrèse gemaach, esou de Minister vun der Digitalisatioun. Ma et bleiwen awer nach eng Rei Chantieren a nei Projeten.
D'Digitalisatioun ass een néie Beräich, deen zemools an de lescht Joren ëmmer méi säi Wee an dat alldeeglech Liewe fonnt huet. D'Leit, déi sech net mat der néier Aart a Weis ze schaffen ugefrënnt hunn, sollten awer keng Angscht hunn, well et gëtt nämlech een nationale Plang fir d'digital Inclusioun.
De Minister Hansen ass sech awer de Gefore vun der Digitalisatioun bewosst a weess, datt ëmmer ee Risk bestoe wäert. Mä hie preziséiert och, datt de Ministère vill Wäert op d'Sécherheet vun den Dokumenter an den Informatioune vun de Leit leet.