Dat besoen op d'mannst d'Zuele vun der Online-Plattform atHome iwwert dat drëtt Trimester 2023.

D'Präisser, fir e Logement ze kafen, si weider um Erofgoen. Et geet dobäi natierlech ëm déi affichéiert Präisser vun der Vente, bei deenen een eng generelle Baisse vu liicht méi wéi 8 Prozent festgestallt huet.

D'Loyerspräisser klammen dogéint weider, awer manner séier, wéi nach Ufanks vum Joer. Mä ëmmerhin ass et eng duerchschnëttlech Hausse vu 5,9 Prozent.