Festnam no Bedruchsversuch, Police warnt virun Arnaquen an E-mailen oder SMSen

© MargJohnsonVA via Envato
De Weekend krut d'Police e puer Fäll gemellt, an deene Leit an E-mailen oder SMSen opgefuerdert ginn, eng Strof wéinst engem Park-Verstouss ze bezuelen.
D'Police betount an dem Kontext ausdrécklech, datt een nimools soll seng perséinlech Donnéeën iwwert en E-mail- oder SMS-Link aginn an och näischt op dës Aart a Weis soll bezuelen.
Wann een Zweiwel huet, soll een den entspriechende Ministère, d'Verwaltung oder soss ëffentlech-rechtlech Institutioun kontaktéieren. Wien esou eng Mail oder SMS krut, soll se ignoréieren, respektiv läschen.
En Donneschdeg koum et iwwerdeems zu engem Bedruchsversuch an engem Autosgeschäft an der Stad. E Client wollt hei e Leasing-Vertrag fir en Auto ofschléissen. Wéi sech spéider erausgestallt huet, hat hien heifir gefälscht Dokumenter a perséinlech Donnéeën hannerluecht.
D'Police konnt den Onéierlechen e Freideg festhuelen, e Samschdeg koum hie virun den Untersuchungsriichter.