Beleidegungen, Provokatiounen, Attacken, awer och onbewosst Virurteeler oder gutt gemengt Remarken wéi "Du schwätz awer gutt Lëtzebuergesch".

Rassismus huet vill Gesiichter. D'Auteuren hunn net ëmmer schlecht Intentiounen an Diskriminatioun spillt sech och net just um tëschemënschlechen Niveau, ma och an den Institutiounen of.

Qualitativ Etüd iwwer Rassismus zu Lëtzebuerg/Reportage Fanny Kinsch

Fir nach e bessert Bild vum Phenomen zu Lëtzebuerg ze kréien, huet de Fuerschungszenter Cefis Temoignagë gesammelt. Et ass de qualitative Volet vun der Etüd, nodeems 2022 en éischten Deel de Rassismus an Zuele gefaasst huet. Bei der Presentatioun huet de Cefis och déi Lénk Politikerin Ana Correia da Veiga agelueden, fir ze temoignéieren.

"Wann een an de Bus eraklëmmt, da gëtt meeschtens dann de Rucksak op déi aner Säit zum Beispill gewiesselt, dat nämmlecht och am Lift, an de Geschäfter gëtt ee suivéiert vun de Vendeuren a vun de Vendeusen. An dat Beispill, deen ech gesot hunn, vun der Aarbecht war, dass ech mäi Badge op mer halen, fir dass et einfach visibel ass, dass ech hei schaffen, well ech eebe Situatiounen hat, dass ee mech eebe fir d'Botzpersonal gehalen huet, mee awer och mech gefrot hunn, wat ech elo hei op deem Stack géif maachen a wien ech da wier."

De Cefis-Direkter Sylvain Besch schwätzt vun enger mentaler Laascht, déi doduerch entsteet, konstant op problematesch Situatioune preparéiert ze sinn, déi een och an der Etude rezenséiert hätt. Et wier eng vun de Konsequenze vum Rassismus.

"Den Impakt ka relativ hefteg sinn, wa Leit reegelméisseg sou Aggressiounen erliewen, och heiansdo Microagressiounen, huet dat awer schonn en Impakt op d'Selbstvertrauen. Et si Leit, di souguer Problemer hunn, déi sech dann zeréckschanzen an hir Communautéit, an hir Famill, an näischt méi wëllen ze dinn hu mat anere Leit aus anere Communautéiten."

Besonnesch bei Kanner géinge rassistesch Erfarunge grouss Ausmoossen op hir Identitéitssich hunn. Den Impakt vum Rassismus géing dacks ënnerschat ginn, sou och déi belsch Politologin Naima Charkaoui, Auteure vum Buch "Le racisme - une histoire de blessures et de résilience". Dora geet si och op Strategien an, fir domat ëmzegoen.

"Tout d'abord, c'est clair qu'il faut lutter contre le racism au niveau des structures de la société en large, mais en même temps comme victime de racism, comme famille de victime de racism, on a besoin aussi de stratégies à court terme, comment vivre avec ça, comment soutenir un enfant qui reçoit tout ces messages négatif."

Déi 3 Strategien, déi si an der Fachliteratur erëmfonnt hätt: verstoen, wat Rassismus ass, fir kënnen dorop ze reagéieren, e positiivt Selbstbild entwéckelen an Ënnerstëtzung vum Ëmfeld.

D'Resultater aus der Cefis-Etude iwwerraschen d'Politologin net, d'Situatioun an der Belsch wier änlech. D'Participante vun der Etude hu sech nëmme seele bei den zoustännege Strukture gemellt, esou de Sylvain Besch, zum Deel aus Angscht viru Konsequenzen.

"Wann e Papp seet, ech kontestéieren net eng Orientatioun fir mäi Jong, well deen ass elo nach an der Schoul an et kënnt nach den zweeten hannendrun an ech wëll net d'Carrière scolaire vu mengem Jong kompromettéieren oder säi Parcours scolaire, soss hunn ech ganz Schoul, maachen ech mer d'ganz Schoul à dos."

Op Basis vun den Temoignagen huet de Cefis och zousätzlech Recommandatiounen ausgeschafft: sécher Espace schafen, wou de Leit nogelauschtert gëtt, méi informéieren, d'Institutioune proaktiv upassen an d'Representatioun änneren a géint Stereotyppe virgoen.

27 Persounen tëschent 23 an 63 Joer hunn um quantitativen Deel vun der Cefis-Etude Deel geholl, iwwerdeems och 9 Temoignagen aus dem éischten Deel vun der Etude konnte consideréiert ginn. Et goufen Erfarunge gesammelt vu schwaarze Persounen, asiatesch Persounen, Persoune mat Migratiounshannergrond a schwaachem sozio-ekonomesche Status, moslemesch an arabesch Persounen a Fraen, déi souwuel wéinst hirem Geschlecht wéi wéinst hiren ethneschen Originnen Diskriminatioun erlieft hunn.

D'Etüd an d'Presentatioun Etüd als PDF.