Direkt 4 Autoe waren e Méindeg géint 6 Auer an en Accident op der A4 tëscht der Jonctioun Lankelz an der Sortie Esch/Lalleng verwéckelt.

Wéi de CGDIS mellt, goufen heibäi 4 Persoune blesséiert.

Zwee Blesséierter gouf et dann nach e Sonndeg den Owend bei engem Accident tëscht Leideleng an der Cloche d’Or. Zwee Ween waren do net laanschtenee komm.

E Méindeg koum et dann och nach zu dräi Accidenter, dat op der A1, um Findel an zu Märel. Op der A1 ass géint 12.30 Auer een Auto tëscht dem Iergäertchen an dem Tunnel Houwald accidentéiert. Blesséierter gouf et heibäi awer keng.

Um Findel huet et da géint 13 Auer gerabbelt, wou zwee Autoen net laanschtenee koumen. Hei gouf eng Persoun blesséiert.

Och zu Märel an der Rue Charles Quint huet et geknuppt nodeems zwee Autoe sech ze pake kruten. Eng Persoun gouf heibäi blesséiert.