SEW erwaart sech en anere Kommunikatiounsstil vum Educatiounsminister

Et wieren eng Rei positiv Saachen am Koalitiounsaccord, soen d’Gewerkschaften am Educatiounsberäich, den SEW an den SNE. Aner Saache gefalen net esou gutt.
Et géing der Gewerkschaft dorëm goen, dass de Minister en oppent Ouer huet, an dass ee kéint mat him d’Fuerderunge beschwätzen, mengt de Patrick Remakel, President vum Syndicat National des enseignants. Hien hofft, dass de Minister an deenen Dossieren, wou et brennt, séier agéiert. Zum Beispill deen zum Encadrement vu Kanner mat spezifesche Besoinen. E Virdeel wier, dass de Claude Meisch keng 100 Deeg méi bräicht, fir sech an d’Dossieren eranzeschaffen.
D’Joëlle Damé, Presidentin vum Syndikat fir Erzéiung a Wëssenschaft, erwaart sech an der nächster Legislaturperiod en anere Kommunikatiounsstil. Dass géing op d’Leit vum Terrain gelauschtert ginn, a mat de Gewerkschaften zesummen Dossieren erschafft ginn. Den SEW hätt sech gewënscht, dass de Schoulcomité mat sengem President gestäerkt gi wier, wat op den éischte Bléck net am Koalitiounsaccord ze fanne wier. Et freet ee sech awer doriwwer, dass drasteet, dass de Sproochenunterrecht am Lycée soll iwwerduecht ginn.
Den SNE gesäit positiv, dass de Cycle 1 soll nom System vum Precoce funktionéiere mat engem Enseignant an engem Educateur. Bei anere Punkte wier awer nach vill Interpretatiounsspillraum, ënnersträicht de Patrick Remakel. Zum Beispill bei der Fuerderung vun der Gewerkschaft fir e Rekrutement op Master-Niveau. Wou een elo éischter wéilt e Bachelor an der Science de l’education verankeren. "Mir fannen eng Rei positiv Aspekter, eng Rei manner positiv, an do wou mer nach mussen diskutéieren", sou d’Conclusioun.
Et géing een hoffen, dass de Minister mat vollem Engagement fir d’Educatioun do wier. D’Verdeelung vun de Ressorten, also dass de Claude Meisch nieft der Educatioun och de Logement huet, wollt de Patrick Remakel net kommentéieren. D’Joëlle Damé freet sech awer, wéi een eleng zwee esou erausfuerderend Ressorte ka leeden.