Well hir zwee gewielte Gemengepäpp an d'Regierung kommen, musse béid Gemengen eng nei Persoun un d'Spëtzt gesat kréien.

D’Gemeng Esch kritt en neie Buergermeeschter. De Christian Weis iwwerhëlt jo fir de neien Aarbechts- a Sportminister Georges Mischo a gëtt vum Gemengerot gewielt. Offiziell vereedegt gëtt hien dann awer eréischt d'nächst Woch duerch den neien Inneminister Léon Gloden.

De vakante Schäffeposten zu Esch wäert iwwerdeems de Bruno Cavaleiro iwwerhuelen, fir dee sengersäits den Dejvid Ramdedovic an de Gemengerot wäert noréckelen.

Och zu Schieren, wou de Buergermeeschter vu bis ewell Eric Thill jo och an d’Regierung koum, ass e Mëttwoch Gemengerot. Do dierft de Jean-Paul Zeimes als neie Gemenge-Papp designéiert ginn, dee bis ewell éischte Schäffe war.