Géint 1 Auer an der Nuecht op e Mëttwoch gouf eng Persoun op der Héicht vun der Kräizung Avenue de la Gare a Rue du Fort Bourbon iwwerfall.

Éischten Informatiounen no gouf d'Affer mat engem Messer menacéiert, éier him de bis ewell nach onbekannten Täter seng Suen, säin Handy a seng Kopfhörer geklaut huet.