Leit, déi Affer vu Gewalt doheem ginn, solle wëssen, datt et Plaze ginn, wou si gehollef kréien, esou den Appell vu Femmes en détresse.

Gewalt ass ni an ënner kengen Ëmstänn acceptabel. Elo wärend der Campagne Orange Week gëtt besonnesch op d'Gewalt géint Fraen a Meedercher opmierksam gemaach. Am Fall, wou een Affer vun haislecher Gewalt ass, ass et ëmmer wichteg ze wëssen, datt et Plaze gëtt, wou ee gehollef kritt, dacks mellen d'Affer sech awer eréischt ganz spéit.

Femmes en detresse iwwer haislech Gewalt / Reportage Dany Rasqué

Am Ufank, wann een Affer vu Gewalt gëtt, zweiwelt ee vläicht, ob een eppes soll respektiv muss ënnerhuelen, méiglecherweis freet ee sech och, ob een net selwer Schold ass, och wann dat ni de Fall ass. Dacks mierke Leit och net direkt, datt se Affer vu Gewalt sinn.

Et geet dacks mat psychescher Gewalt un

D'Andrée Birnbaum, d'Generaldirectrice vu Femmes en détresse, seet, dat wier e schläichende Prozess, deen dacks mat psychescher Gewalt géif ugoen. "Einfach een erofmaachen am Stil 'du kanns net mol kachen, du bass mol net capabel, mat de Kanner Hausaufgaben ze maachen, kuck dech emol, du hues zougeholl, du bass ze déck ginn, du gesäis no näischt méi aus, déi Reefer, déi's de ënnert den Aen hues'... Dat sinn esou kleng Bemierkungen, déi immens wéi dinn, awer d'Fraen mierken net, datt dat Gewalt ass."

Am Idealfall sicht ee sech direkt Hëllef, soubal ee realiséiert, datt een Affer vu Gewalt ass. Bis et no der psychescher Gewalt och zu kierperlecher Gewalt kënnt, kënne Jore vergoen, esou d'Andrée Birnbaum. "Deen Ament sinn d'Victimmen dacks scho sou geschwächt, si traue sech näischt méi zou, si hu kee Selbstvertraue méi an da mierke se guer net méi, datt se eng Victime sinn an dann ass et oft scho vill ze spéit."

D'Generaldirectrice vu Femmes en détresse ënnersträicht, datt et ganz wichteg ass, eng Plainte bei der Police ze maachen, an datt d'Beamten déi och mussen ophuelen. Donieft kann een am Service Umedo vum Staatslabo seng Blessurë feststellen an dokumentéiere loossen. Dat ass gratis a vertraulech. D'Beweiser ginn 10 Joer gehalen.

Fält engem Dokter op, wann ee Patient oder eng Patientin geschloe gouf?

Beim Dokter gëtt een natierlech gefrot, wat geschitt ass. Mä dacks kënnen d'Affer net doriwwer schwätzen oder op d'mannst net direkt. Si soen dann, se hätte sech gestouss oder wieren Trap erof gefall.

"Dat sinn esou Saachen, wann dat reegelméisseg bei der selwechter Persoun virkënnt, dann ass eppes net normal. An den Urgencen, wann d'Personal dat weess, da kann et anescht reagéieren. Da kann et probéieren, vläicht eent zu eent mat der Victime ze schwätzen oder hinnen einfach d'Informatiounen ze ginn, u wie se sech kënne wenden, wann eppes wier. Dat ass immens wichteg, datt och déi Professionell sensibiliséiert sinn."

Femmes en détresse mécht där Formatioune schonn, géif sech awer wënschen, nach méi mam Personal aus de Spideeler oder och den Hausdokteren kënnen zesummenzeschaffen.

"Kuckt net ewech". Dat war en Opruff, deen den nationale Fraerot gemaach hat, wéi d'Orange Week lancéiert gouf. En Opruff, dee sech also un eis alleguer riicht.

Wéi reagéiert ee richteg?

"Wa beim Noper elo op eemol ganz vill Gejäiz ass an et mengt een, datt eng Persoun a Gefor ass, da soll een d'Police ruffen. Da soll een och net zécken. Et ass besser eemol ze vill, wéi eemol net genuch."

Net ewechkucken also, mä och weisen, datt een do ass, fir där betraffener Persoun nozelauschteren. Ouni wëllen extra gutt Rotschléi ze ginn, seet d'Generaldirectrice vu Femmes en détresse, well déi kéimen dacks net sou gutt un.

Wou fënnt een Hëllef?

Wann een Affer vu Gewalt ass, kann een sech zum Beispill bei Femmes en détresse mellen.

Si fënnt een um Internet ënner fed.lu

Eng aner Méiglechkeet ass de Site violence.lu

D'Afferambulanz vum Staatslabo ënner umedo.lu

An natierlech d'Police um 113.