De 4. Dezember gëtt traditionell un d'Schutzpatréinesch vun de Pompjeeën an de Mineure geduecht.

Schonn e Méindeg de Moie fréi ëm 8 Auer huet een et dowéinst zu Téiteng knuppen héieren, als Erënnerung un d'Sprengunge vun de Minnenaarbechter. Fréier gouf hei mat Luxite geschoss, haut ass de Kaméidi uewen um Bierg iwwer Téiteng awer net méi grad esou impressionnant. D'Kanoune ginn nëmmen nach mat Gas bedriwwen. Engersäits hätte verschidden Awunner sech beschwéiert, anerersäits kréich ee kee Luxite méi, a Gas wier däitlech méi bëlleg. "Da musse mir eis eben esou ameséieren", laacht den Armurier Jhemp Ries.

RTL

© Anne Wolff

De Brauch um Liewen z'erhalen, dat ass dem Téitenger Bärbelveräin trotzdeem wichteg. Eng 20 Mann sinn dofir nach virun der Aarbecht op der Plaz.

Bärbelendag ass op der Lëscht fir immateriellt Unesco Kultur-Iewen.

Och am Nopeschduerf Rëmeleng gouf gefeiert a geschoss. E Cortège huet d‘Statue vun der Bärbel am Schnéi duerch d‘Duerf bis virun de Minnemusée an den ale Schacht gedroen.

De Georges Pütz ass hei déngschteelste Guide a weess, wéi wichteg d‘Patréinesch fir d‘Aarbechter war. "Et goufe keng Sécherheetsmoossnamen am Schacht, dat Eenzegt, wat d‘Mineuren haten, fir sech drun unzehalen, fir nees sécher erauszekommen, war d‘Bärbel".

Et sinn ëm déi 1.500 Aarbechter an de Minnen ëmkomm, déi Lescht dovunner huet 1981 zu Déifferdeng zougemaach.

RTL

© Anne Wolff

Haut ass Bärbelendag - D'Anne Wolff mellt sech vun Téiteng